Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Peace Sign

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "My Cousin Rachel" - Eng romantesch Mystery-Libesgeschicht

Kino

"My Cousin Rachel" - Eng romantesch Mystery-Libesgeschicht

"My Cousin Rachel" spillt an England, an och ganz e bëssen an Italien, vum 19. Joerhonnert. Dat Originellt drun ass: Si huet ee feministeschen Ustrach. Dëst ass wuel manner de Merite vum Realisateur Roger Michell, mä méi dee vun der Autorin vun der literarescher Virlag, der Daphné du Maurier.

auto_stories

3 min

D'Daphné du Maurier hat 1951 hire Roman "My Cousin Rachel" publizéiert. Schonn d'Joer drop koum eng Verfilmung mat der Schauspillerin Olivia de Havilland an engem bluttjonken a knackege Richard Burton als deen, dee s'ëm de Fanger wéckelt, an d'Kinoen. Dës Rachel war eng douce Fra.

Publikum dem Antagonist viraus

An där fuschneier Versioun vum Roger Michell, mam Rachel Weisz a Sam Claflin, ass hir Figur awer vill méi ambigue. An dat kënnt dem Film zegutt. D'Intentioune vun der Rachel si bis zum Enn net ze duerchkucken an et freet ee sech, ob si eng manipulativ Louder ass oder net. Wat hir, dem Haaptpersonnage, eng onzougänglech geheimnisvoll Aura an Déift gëtt.

Hire männlechen Antagonist heescht Philip Ashley a kéint par konter méi einfach net gestréckt sinn. Dat gratifiant fir de Publikum ass, datt een de Film ganz aus senger Perspektiv erzielt kritt, an him dach permanent e gudde Strapp am Wëssen an am Kombinéiere viraus ass. Trotzdeem kënnt een net hannert der Rachel hir Geheimnisser. Et bleift deemno spannend.

Hëllefruff koum ze spéit

De Personnage vum Claflin, dem Philip Ashley, gouf, wéi hien eis erzielt, als Weesekand vu sengem erwuessene Koseng bei sech opgeholl. An engem finanziell net schlecht bestéckte renge Männerstot ass hie grouss ginn.

Wéi hie bis zu engem schmocken, wann och nach a villerlee Hisiicht onbedarfte jonke Kärel erugewuess war, huet de Koseng ugefaange mat kränkelen a gouf an Italien an d'Kur geschéckt. Do ass en dach net enger wäitleefeger Cousine begéint, huet sech a si verléift an a senger Euphorie direkt bestuet. No der Hochzäit allerdéngs gi seng Bréiwer un de jonke Koseng an Adoptivfils doheem ëmmer méi beonrouegend, hie schéngt sech vu sengem Rachel schlecht behandelt ze fillen.

Ee leschten, handgeschriwwenen Hëllefruff erreecht de Philip ze spéit: Hien tommelt sech zwar, säi Koseng retten ze goen, mä deen ass mëttlerweil verstuerwen. Fir de Philip kann et awer nëmmen d'Rachel gewiescht sinn, trotz Doudeschäin. Wéi hien allerdéngs schliisslech der potentieller Femme fatale géintiwwer steet, brauch e just ee Bléck op si ze geheien, an t'ass ëm hie geschitt.

Ouni Revanche an déi grouss Verléiftheet

Un déi emotional Intrig ass eng ekonomesch Dimensioun geknäppt: Engersäits huet eng Fra an England am 19. Joerhonnert nëmmen ënner ganz spezifesche Konditiounen duerfen iwwer Geld verfügen. E Bestietnes konnt derzou déngen, sech finanziell ofzesécheren. Ëmgedréint war eng Fra awer, wa si dann eng Mouk hir eege genannt huet, dës lass, soubal si sech engem Här a Meeschter ënnerworf huet. Deen huet dann iwwert de Goss verfüügt.

Dat faszinant un der Figur vun der Cousine Rachel ass hei mat grousser Eleganz a vill subtillem Aendeckel-Geklimpers vun der Rachel Weisz gespillt. Si setzt ganz pragmatesch déi Mëttelen an, déi hir an deem fraefeindleche Kontext, an deem si nu mol evoluéiert, zur Verfügung stinn, notamment och hir Sexualitéit.

Iwwerdeems de Personnage vum Sam Claflin, de Philip dat Rëndvéi, ouni Iwwergang an Iwwerleeung vu Revanche-Fantasmen an déi grouss Verléiftheet erantierkelt, an därmoosse vu senger jugendlecher Virilitéit a Rechthaberei iwwerzeegt ass, datt hie reciproque Gefiller einfach erwaart. Gutt fir hien, wéi en um Schluss vum Film bestrooft ass.