Radioen

On air

Notturno  |  Mike Wexler With Synthetic Love Dream - After

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei digital Archiven

Sozial Medien

Nei digital Archiven

Enn de 70er Joren huet den Editeur François Mersch ugefaangen eng Serie mat ale Postkaarten iwwert Lëtzebuerg erauszeginn. Eng Nostalgie-Well ass entstanen. Ganz ähnlech Phänomener fënnt een haut op Facebook.

auto_stories

3 min

Eck Boulevard Royal / Grand-Rue 21.11.1918 (Foto: Serge Kugener)

Op Facebook fënnt een eben net just Selfien, Fotoe vu Kazen oder Opnamen vun Iessen. Et sinn och ëmmer méi dacks Säiten hei zu Lëtzebuerg, déi eng Zort visuellt Archiv duerstellen. Nieft institutionellen Internetsäite mat digitaliséierten Dokumenter, wéi deene vun den Nationalarchiven, der Nationalbibliothéik an nieft Säite wéi dem Autorenlexikon vum "Centre National de Littérature", gëtt et zanter e puer Joer Eenzel- a Privatinitiativen, déi ganz interessant Dokumenter ëffentlech maachen. Dorënner: "EMuselania" oder "Eng Postkaart den Dag".

D'Motivatiounen hannert deene Säite si ganz verschidden: Dat ka vun der Nostalgie, iwwert d’Freed um Sammelen an dem Deelen, bis zu ganz prezisen Themerecherche goen, déi eenzegaarteg a bis elo quasi onerfuerscht hei zu Lëtzebuerg waren.

Erënnerungen op Facebook deelen

Op der Facebook-Säit "EMuselensia" ginn zanter ronn zwee Joer reegelméisseg Opnamen oder Postkaarten gepost, déi de Sujet vun der Lëtzebuerger Musel an hirer rezenter Vergaangenheet weisen. "Eng Postkaart den Dag", weist och a ganz reegelméissegen Ofstänn, zum Deel ganz pittoresk och ganz onerwaarte Vue vum Lëtzebuerger Land weisen.

D'Facebook-Säit EMuselensia

"EMuselensia" huet op Facebook eng ronn 7500 Follower, also Leit, déi sech op déi nei sougenannte Posts abonnéiert hunn. "Eng Postkaart den Dag" ass eng Säit, déi vun enger Privatpersoun gegrënnt ginn ass , nodeems si op "Ebay" e ganze Stock u Postkaarten aus Virwëtz gesteet hat. Et sollt sech erausstellen, datt dobäi eng ganz Partie wäertvoll Kaarte vum Lëtzebuerger Fotograf Charles Bernhoeft derbäi waren. Dem Bedreiwer vun dëser Säit geet et drëms, fir seng Sammlung ze deelen – net ouni nozefroen, ob ee selwer wéilt matmaachen andeems een Dokumenter oder Fotoen noschéckt.

Een anert Archiv vu Lëtzebuerg

Esou entsti ganz séier populär Facebooksäiten, déi e puer mol an der Woch e ganz erstaunlecht Archiv iwwert Lëtzebuerg op de soziale Medien destilléieren. Dee System vum Netzwierk a vum Deelen, dee Facebook ausmécht, erlaabt et dëse Sammler méi eng grouss Zuel vu Leit méi séier ze erreechen, wéi dat mat engem duerchschnëttleche Blog de Fall wier.

Et ginn awer och Leit, déi nach e Schrack méi wäit ginn. De Serge Kugener bedreift esou d’Facebooksäit vun der "33rd Infantry Division In Luxembourg 1918-1919". Tëscht November 1918 an Abrëll 1919 waren zu Lëtzebuerg eng 40.000 amerikanesch Zaldoten stationéiert. Dat war emol einfach e Sechstel vun der Gesamtpopulatioun vun deemools.

Och Sozial- a Regionalgeschicht op Facebook

Op der Facebooksäit vun der "33rd Infantry Division In Luxembourg 1918-1919" kann een awer net nëmmen dat fanne wat normalerweis ënnert dem Sammelbegrëff "Militaria" definéiert gëtt. De Serger Kugener gëtt sech drun, fir iwwert dee militäreschen Aspekt eraus, eng Sozial- a Regionalgeschicht aus dësem Material, dat hie gesammelt huet, a nach ëmmer sammelt, ze bezéien.

Et geet net nëmmen ëm Zaldoten an hiert Material, et geet och ëm hir Bezéiungen zu der lokaler Populatioun, an et geet schlussendlech och ëm e ganz spannend Zäitbild vu Lëtzebuerg an der direkter Nokrichszäit vun 1918 bis 1919.