Radioen

On air

Notturno  |  Richard Thompson - The Calvary Cross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Formen am Dokumentarfilm

Participatioun

Nei Formen am Dokumentarfilm

An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert hunn zwou technologesch Entwécklungen d'Entstoe vum Dokumentarfilm begleet. D'Verbreede vun der Televisioun an d'Méiglechkeet, Bild an Toun gläichzäiteg um Set opzehuelen. Den Documentaire d'Observation, de Cinéma Direkt oder d'Reportage si fréi Forme vum Documentaire, déi bis haut gängeg sinn. Aan den leschte Joren hunn Auteuren no neie Formen gesicht, déi et erméiglechen Geschichten op eng manner lineaire an méi participativ Aart a Weis z'erzielen.

auto_stories

3 min

Dem Realisateur Milo Rau säin neie Film, "Das Kongo Tribunal", erzielt d'Geschicht vun der Strooflosegkeet vu Krichsverbriechen am Ost-Kongo. An der Regioun ass zanter iwwer 20 Joer e brutale Krich, bei deem scho sechs Millioune Mënschen ëm d'Liewe komm sinn.

Fir säi Film organiséiert de Schwäizer Realisateur Audienzen an engem symbolesche Geriichtshaff zu Bukavu. Kongolesesch an international Juristen an Experten ënnersichen dräi reell Affären a befroen Zeien, Affer an Täter.

D'Eva-Maria Bertschy huet mam Milo Rau d'Recherche fir de Film gemaach. Si erkläert, datt d'Geriichtsseancen u sech schonn als e ganzheetleche Projet verstane musse ginn.

"Ich denke manchmal, dass das Wort Fiktion falsch ist. Es ist ein symbolisches Tribunal, wir befinden uns in einen erfundenden Raum, denn wir haben die Reglen selbst erfunden und uns selbst sowie die Menschen ermächtigt. Und es gibt nur ein Urteil ohne Konsequenzen. Es wird keiner eingesperrt, da wir keine Staatsgewalt hinter uns haben. Aber für die Leute war es vom Anfang an eine andere Dynamik und Realität. Vielleicht wird es noch realer wenn alle so krass daran arbeiten, dass es realer wird."

Den Documentaire besteet aus verschidden transmedialen Elementer. Zum Beispill en symbolesch Geriichtssëtzung a Reportagedeeler, wou déi verschidde Fäll vun der Geriichtsaffär illustréiert ginn. Esou huet de Film eng eegen Narrativ, an ass net just e Making-Off vun de Geriichtsseancen. Donieft ass d'Material, wat beim Film a bei de Geriichtsseancen entstanen ass, duerch weider Formen a Medie verschafft ginn, seet d'Eva-Maria Berschty.

"Und dann haben wir einen Dokufilm gemacht der jetzt in den Kinos ist, eine Webseite, eine VR-Installation und eine interatkive Grafiknovel, ein Buch. Man kann das Tribunal auf viele Weisen erfahren."

The Maribor Uprising

Den Documentaire "The Maribor Uprising", vum Milton Guillen a Maple Rasza experimentéiert op eng ganz aner Aart mat neie Formen. En zentraalt Thema vun dësem Film ass, wéi mir als Individue während Demonstratioune reagéieren, notamment wa mir mat polizeilecher Gewalt konfrontéiert ginn, seet de Milton Guillen.

Den Documentaire "Maribor Uprising" ass e participative Film an deem d'Zuschauer kollektiv decidéieren, wéi de Film weidergoe soll. Mir hunn Zeene montéiert, déi formell an inhaltlech ganz anescht sinn an hunn dofir Bildmaterial vu verschidden Aktiviste benotzt, déi d'Demonstratiounen zu Maribor, der zweetgréisster Stad a Slowenien, gefilmt hunn. "Mir wollten eng Situatioun schafen wou d'Zuschauer spieren, dass si hannert der Kamera sinn."

De Kontext vun den Demonstratiounen zu Maribor ass net extrem wichteg . D'Zuschauer solle sech mat den Demonstranten identifizéiere kënnen. De Realisateure geet et nämlech haaptsächlech dorëms, eng konstruktiv Diskussioun ënnert dem Publikum ze schafen.

No all Zeen stoppe si de Film a stellen den Zuschauer provokativ Froe fir erauszefanne wei de Film weidergoe soll, seet de Maple Rasza.

"Mir hu séier gemierkt, datt Protestaktiounen ëmmer erëm scheitere well d'Mënschen déi un den Demoen deelhuelen, géinteneen ausgespillt ginn. Politiker, d'Medien an aner Institutioune verlaangen, datt mir als Gesellschaft déi gutt a friddlech Manifestante vun de sougenannte schlechten a gewalttätegen trennen an dës dann och condamnéieren. Duerch de Film thematiséiere mir dëse Manque u Solidaritéit doduercher, datt mir d'Zuschauer kollektiv decidéiere loossen, op si bei de friddlechen Demonstrante bleiwen, oder ob si éischter mat deene matginn, déi géint d'Police kämpfe wëllen."

Nei Formen am Documentaire hunn oft d'Participatioun als Stéchwuert. Et geet drëms, ob een d'Personnagë vum Film oder och d'Zuschauer duerch innovativ Formen aktiv un der Entwécklung vum Inhalt deelhuele léisst.