Radioen

On air

Al Schanken  |  Al Schanken

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op Identitéitssich mam Kollektiv Knowedge

Urban Dance

Op Identitéitssich mam Kollektiv Knowedge

Zesumme kritt ee bekanntlech méi beweegt. Den Hip-Hop-Kollektiv "Knowedge" huet d'lescht Woch an der Schungfabrik seng Kreatioun "Patchwork" virgestallt, an de Romain Butti war bis laanscht.

auto_stories

2 min

Mat der Ambitioun, Dänzerinnen an Dänzer mat de verschiddenste Backgrounden iwwer den Hip-Hop zesummenzeféieren, schafft de Kollektiv "Knowedge" u Kreatiounen, déi net nëmmen den Nowuess fir sech wëll begeeschteren, mee och de Genre vum urbanen Danz méi däitlech an der kënschtlerescher Landschaft hei zu Lëtzebuerg ze verankeren.

Ënner der Choreographie vum Thierry Martinvalet, deen zënter 1996 Street Dance ënnerriicht, huet de Kollektiv, am Kader vun Esch2022, an der Käler Schungfabrik d'Stéck "Patchwork" presentéiert.

Véier Interprete mat ganz ënnerschiddlechen Danzstiler stinn hei am Mëttelpunkt - d'Alicia Cano, de Rémi Yin, de Franklin Pereira an de Benoit Callens - ,déi op d'Musek vum Komponist Corentin Piquard danzen. A "Patchwork" gëtt sech d'Fro gestallt no der eegener Identitéit, an dono, wat jiddwereen, egal, vu wou e kënnt, zum Zesummesinn ka bäidroen. Wat kënne mir vunenee léieren a wéi eng Roll spillt den Zoufall, datt mir gemeinsam no vir kommen?

Aus eisem Bagage e koherent Ganzt schafen

Firwat de Kollektiv "Knowedge" sech dësen universelle Sujet erausgesicht huet, erkläert den Dänzer Benoit Callens esou:

"Avec le concept patchwork, chacun arrive avec sa propre expérience, c'est un peu la métaphore du bout de tissu que chacun amène - les expériences et le bagage de chacun. On essaie de tisser notre identité, de créer un tout cohérent avec toutes ces expériences communes que l'on a. C'était aussi de représenter le Luxembourg, nos différents types de danse au sein de l'équipe. Donc le mot patchwork résume un peu tout ce qu'on souhaite exprimer."

Fir den Hip-Hop-Kollektiv ass et wichteg, datt den urbanen Danz hei am Land méi visibel gëtt an eng méi grouss Unerkennung soll kréien:

"L'idée c'est de proposer des danseurs de pouvoir se profesionnaliser, mais également un public familial de pouvoir découvrir cette culture. Il n'y a pas mal de choses qui se font, mais malheureusement il y a très peu de choses qui se font dans les théâtres. Généralement les créations hip-hop viennent de l'étranger venir jouer ici au Luxembourg. On voulait dire qu'il y a des danseurs ici qui sont capables de proposer des choses intéressantes. Pourquoi ne pas les programmer également?"