Radioen

On air

Notturno  |  Sam Gendel - Differences

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Post-koloniale Kolonial Kino?

Britesche Kino

Post-koloniale Kolonial Kino?

D'Representatioun vu Kolonialismus am britesche Kino funktionéiert als beléifte Kader fir Heldentum an Nostalgie. D'Filmer weisen awer gläichzäiteg och d'Ambivalenzen an d'Problematike vum Kolonialismus op.

auto_stories

4 min

Kolonialismus am vereinfachte Sënn ass en Etablissement vun enger westlecher, eurozentrescher Muecht op eng indigene Bevëlkerung. Dës Muecht Positioun manifestéiert sech an hard politics, wéi der Exploitatioun vu primäre Ressourcen. Mä si zitt och sougenannte soft politics mat sech a Form vu kulturelle Wäertesystemer, déi applizéiert ginn.

Verschidden Duerstellungen

Kolonialismus am britesche Film gëtt et an dräi verschiddenen a ganz vage Kategorien. Als éischt huet den Empire de Medium Film natierlech als Propaganda Maschinn benotzt. Sou koumen an den 20er, 30er a 40er Joren eng Rëtsch Filmer eraus, déi e kolonialen Hannergrond hunn. Hei manifestéiert sech och schonn déi Haaptproblematik vun der Duerstellung vum Kolonialismus. Zum Beispill a "Sanders on the River" aus dem Joer 1935. De Leslie Banks spillt e Brit, deen op sengem Posten an Afrika déi einheimesch Bevëlkerung mat enger eisener Fauscht regéiert. De briteschen Empire gëtt als strengen, mä faire Pater familias duergestallt.

De Film weist déi Einheimesch als primitive Stereotyp. Als Kanner, déi eng fest Hand brauchen. Den afrikaneschen Dschungel gëtt dem europäesche Publikum als exotesch a romantiséiert Ënnerhalung presentéiert. Filmer, wéi "Sanders on the River" oder och "The Drum" gläichen an deem Sënn dem amerikanesche Western. Déi exotesch Landschaft funktionéiert hei wéi déi wëll Prairie am Western.

Dem männlechen, wäissen a virun allem westlechen Held gi primitiv Charaktere géigeniwwer gestalt. Op déi kann hie seng eegen Ängschte projezéieren a se esou iwwerwannen.

E Bild vun Exotik a Spektakel

Déi bal hysteresch Duerstellung vun der indigene Bevëlkerung weist vill Parallelle mat der Duerstellung vun der "Femme fatale" am fréie Kino op. Béid sti fir e Bild vun Exotik, Spektakel. Virun allem sti si fir eng Notioun, déi géint d'Rationalitéit geet. Si stellen eng Gefor duer fir eng eurozentresch Opfaassung, déi zënter der Opklärung als eenzeg Wourecht do steet. Den Haaptproblem läit doran, datt de Kader vun der Kolonie als Projektiounsfläch fir eng englesch Identitéitskonstruktioun benotzt gëtt.

England huet bis haut nach keng definitiv Positioun zu senger dach schwéierer Vergaangenheet bezunn. Souguer 1973 huet sech d'Representatioun vum net-Englänner am britesche Kino net wierklech geännert. Am Guy Hamilton sengem Film "Live and Let Die" muss de Roger Moore de weibleche Charakter virun engem Voodoo Meeschter retten, dee si am Numm vun enger barbarescher Relioun wëll opferen. 1982 probéiert de Richard Attenborough mat sengem Film "Ghandi" e vläicht méi differenzéierte Portrait ze liwweren. Mä seng Entscheedung, e britesche Schauspiller als Ghandi ze besetzen, schléit och haut nach ville Leit op de Mo.

National Identitéit a post-koloniale Filmer

Allerdéngs koumen zënter de spéide 1980er Joren eng Rëtsch Filmer aus de britesche Studioen, déi als post-kolonial bezeechent ginn. Hei beschäftegt sech eng britesch Gesellschaft op eegenem Terrain mat Froe vun nationaler Identitéit. Besonnesch en vue vun der Immigratioun nom Ofbau vu senge Kolonien.

Dem Steven Frears säin "My Beautiful Laundrette" oder dem Damien O'Donnell säin "East is East" liwweren esou Portraiten. De Frears an den O'Donnell behandelen de Sujet mat vill Fangerspëtzegefill a weisen, datt an dësem Fall Pakistani Immigrante an England dacks nach de Status vun engem 'second class citizen' anhuelen. Och dem Shane Meadows säi Film "This is England" aus dem Joer 2006 behandelt Theme wéi Rassismus an Haass. Awer och Verfriemung am eegene Land. Dës Filmer bidde méi een differenzéiert Bild vun enger post-kolonialer Gesellschaft.

"Raj Revival"

Zäitgläich, an nach bis haut, gëtt et awer och e britesche Faibel fir e kolonialen Zäitraum. Hei si mer an engem Beräich, deen ee wuel kann als post-koloniale Kolonial Kino bezeechnen, awer méi bekannt ënnert dem Numm "Raj Revival".

Dem Attenborough säi "Ghandi" ass natierlech d'Paradebeispill fir esou e Genre, mä dem Michael Radford säi "White Mischief" fält och an dës Kategorie. Och wann dës Filmer generell net méi esou affrontéiert fir den Empire sinn, leeft awer predominant e Gefill vun Nostalgie duerch d'Narrativ. Dacks ginn déi einheimesch Charakteren entweder barbaresch als brutal oder als net ganz hell duergestallt. Si funktionéieren esou als onbewosst Justifikatioun fir d'britesch Interventioun.

Et leeft dacks dorobber eraus, datt e westleche Protagonist muss agräifen, fir déi einheimesch Bevëlkerung dovunner ofzehalen, sech géigesäiteg ëmzebréngen. Op eng komfortabel Aart a Weis gëtt hei d'Gewalt vergiess, déi vum briteschen Empire ausgaangen ass, an och eng Konsequenz vum Kolonialismus war. Déi Excuse, datt een den Empire glorifizéiert a romantiséiert, well d'Charakteren, déi jo an där Zäit liewen, et esou empfonnt hunn, schreift Geschicht direkt ëm. Nämlech an deem déi historesch Roll vu Groussbritannien net unerkannt gëtt. Et kann een hei wuel leider éischter vun engem Neo-Kolonialismus, wéi engem opgeschaffte Post-Kolonialismus schwätzen.

"empire on which the sun never sets"

Wei seet ee Personnage an "The Best Exotic Marigold Hotel" fir engem bal incapabelen Inder ze hëllefen, säin Hotel ze retten? "This country seems rather more civilized than one originally thought". An der nächster Zeen gëtt als Comic Relief Chaos a Knascht op de Stroosse vun Indien gewisen. Et wier vläicht awer un der Zäit, datt d'Sonn endlech ënnergeet op dëser Iddi vun engem Empire, wou d'Sonn ni ënnergeet.