Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projet fir den Escher Ariston

Theater

Projet fir den Escher Ariston

D'Gebai vum fréiere Kino Ariston ass erëm en Thema fir d'Gemeng Esch. Zwar géif ee weiderhin drop verzichten, ee Kino do ze bedreiwen. Wat dem Schäfferot elo virschwieft - ënner bestëmmte Konditiounen - ass eng regional Theaterbühn. Ee Bréif vun der Kulturministesch Sam Tanson soll d'Situatioun geännert hunn.

auto_stories

2 min

D'Gebai vum Kino Ariston vum private Besëtzer opkafen an ee Kulturzenter dran ariichten, dat war nach esou am Koalitiounsaccord vum schwaarz-gréng-bloe Schäfferot virgesinn. Viru Méint hat den Escher Schäfferot dann aus finanzielle Grënn op dee Projet verzicht.

An Tëschenzäit hätt sech de Kulturministère ze Wuert gemellt, d'Situatioun wier elo eng aner, seet den CSV-Buergermeeschter Georges Mischo. Den Escher Schäfferot wéilt a priori den Ariston net schützen an och net kafen, mee zanter dem Courrier vun der Kulturministesch Sam Tanson wier een domat konfrontéiert ginn, datt de Kulturministère d'Gebai schütze wéilt loossen.

Op puer Schëllere verdeelen

An domat wier och d'Gemeng Esch nees am Spill: "Mir wiere bereet, mat op dee Wee ze goen, mee nëmmeN, wann dat op eng Rei Schëllere verdeelt gëtt", esou de Georges Mischo. Et misst ee kucken, wie wat géif iwwerhuelen, zesumme mam Minisitère, mam Sites et monuments an och mat Esch 2022. "Mir géifen dat awer elo net komplett direkt alles kafen an herno eréischt verhandelen", esou de Georges Mischo.

Den Escher Schäfferot huet elo ee Projet an d'Gespréich bruecht, wéi een den Ariston kéint an Zukunft notzen. Kee Kino méi, mee eng zweet Theaterbühn fir Esch, erkläert de Kulturschäffe Pim Knaff (DP). Kannertheater géif an der nationaler Kulturstrategie, an der Escher Kulturstrategie, wéi och am Bidbook vun Esch 2022 eng wesentlech Roll spillen. "Dofir kéinte mir eis virstellen, datt, mat enger regionaler Aufgab, dëse Sall kéint zu enger regionaler Theaterbühn fir Kanner a Jugendlecher ëmmodelléiert ginn."

Bühn kéint bis 2022 fäerdeg sinn

Och fir eng Theaterbühn wier Renovatiounsaarbecht néideg, allerdéngs vill manner wéi fir e Kino, sou de Pim Knaff. D'Zil wier et, datt ee mat den Infrastrukturaarbechte bis 2022 fäerdeg wier. "Et muss awer nach eng Bühn installéiert ginn, déi e gewësse Confort huet, eng gewëssen Technicitéit."

Iwwer de Finanzement vun deem Projet géifen et nach keng Detailer ginn, sot de Buergermeeschter Georges Mischo. De Projet sollt awer ganz an ëffentlecher Hand bleiwen. Eng Private public partnership (PPP) wier keng Optioun fir d'Gemeng Esch.

D'Tageblatt hat ee Promoteur zU Wuert komme gelooss, deen an den Ariston wollt investéieren. Net nëmmen an deem Dossier hätt d'Escher Gemeng him Steng an de Wee geluecht. Déi Kritik huet den Escher Buergermeeschter vu sech gewisen. Doriwwer eraus wier ee mat deem Promoteur net a Bezuch op den Ariston a Kontakt gewiescht, mee an engem aneren Dossier.