Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psycho-Thriller amplaz Kannerbuch

Andrea Sawatzki

Psycho-Thriller amplaz Kannerbuch

auto_stories

1 min

Ier si Schrëftstellerin gouf, war d'Andrea Sawatzki Actrice. Wéi si zu München Schauspill studéiert hätt, wier hier Mamm frou gewiescht, datt si iwwerhaapt eppes géif léieren, erzielt dsi. "Mäi gréisste Wonsch war, Déierendoktesch ze ginn." Als Kand hätt si ëmmer probéiert, fir doudeg Déieren nees lieweg ze maachen. Wéinst der Bio an der Schoul wier aus deem Beruffswonsch awer näischt ginn.

No 25 Joer als Actrice, virun allem bei Tëleesproduktiounen, koum 2013 hiren éischte Psycho-Thriller eraus. Am Fong wollt si awer ee Kannerbuch schreiwen. "Mäi Mann an ech hunn de Kanner ëmmer sou vill virgelies." Si hätt och selwer dacks ugefaange mat schreiwen, awer et wier ni Kanner-gerecht ginn, erkläert d'Andrea Sawatzki.

Zanter 13 Joer géif si sech mam net-veraarbechte Kandheetstrauma beschäftegen. Doraus wier "Ein allzu braves Mädchen" entstanen. Bei enger Liesung am Trifolion zu Iechternach huet d'Andrea Sawatzki aus hire Romaner iwwer d'Famill Bundschuh gelies.


Lauschtert ee Gespréich vum Nathalie Bender mat der Schrëftstellerin an Actrice.

Andrea Sawatzkiplay_arrow

Nathalie Bender an Andrea Sawatzki (Foto: Marlene Soares)