Op Grond vum grousse Succès - 15.000 Visiteuren haten sech dee Weekend op Redu deplacéiert - war et kloer, hei sollt ee Bicherduerf entstoen. Een éischt Bicherduerf war 1961 weltwäit entstanen, wéi de Walliser Richard Booth mat engem Container voll mat Bicher aus New York zeréck a säin Heemechtsduerf koum. An der klenger Uertschaft Hay-on-Wye hat hien een Antiquariat opgemaacht. Deemools hat d'Duerf net vill ze bidden a war wäit ewech vun allem. No an no sinn duerch dem Booth säin Engagement ëmmer méi Antiquariater do entstanen.
No dësem Modell hu sech weider Bicherdierfer an Europa a vereenzelt op anere Kontinenter niddergelooss. Esou och an der belscher Provënz Lëtzebuerg, zu Redu, eng ronn 100 Kilometer vun der Stad Lëtzebuerg ewech.