Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Riddo op! Fir d'Publicitéit ...

Theater

Riddo op! Fir d'Publicitéit ...

Eng Agence verkeeft zwielef Paräisser Theatere Publicitéiten. Virun de Virstellunge gëtt e Mix vu Reklamme fir Luxusartikelen an Theaterproduktiounen op engem groussen Ecran gewisen. Domat soll de klengen Theatere gehollef ginn, aus der finanzieller Nout eraus ze kommen. En Drama oder eng Win-Win-Situatioun?

auto_stories

2 min

"Erst Fetakäse, dann Phaedra" - sou iwwerschreift Spiegel Online en Artikel iwwer d'Decisioun vun enger Dose Paräisser Theaterhaiser, fir Publicitéit virun de Virstellungen ze weisen. De Shakespeare an de Molière géifen sech am Graf ëmdréinen, ass iwwerdeems an der franséischer Press ze liesen. An effektiv, wat an de Kinoen zu enger Selbstverständlechkeet ginn ass, ass fir den Theater a ville Käpp einfach onvirstellbar.

Véier Minutte Publicitéit bitt d'Marketing-Firma OWD Régie de franséischen Theaterhaiser un. Zwou Minutten dovu sinn - noblesse oblige - Reklamme fir Luxusartikele wéi Autoen, Bijouen a Parfumen. A weideren zwou Minutte soll op Theatervirstellungen higewise ginn.

Fënnef Etablissementer zu Marseille, Avignon, La Rochelle a Rouen hunn nieft den zwielef Paräisser Haiser zougesot. Vun November un sollt de Gewënn ëm 50.000 Euro am éischte Joer duerch d'Publicitéit klammen.

Baisse vu Spectateurszuelen

Déi verschidden Attentater a Frankräich a virun allem zu Paräis ginn als eng vun den Haaptursaachen ugesinn, firwat d'Zuel vun den Theatervisiteuren 2016 ëm bis zu 35 Prozent erof gaangen ass.

Theaterhaiser hunn doduerch net nëmmen tëschent 100 an 130 Milliounen Euro un Akommes verluer, mee och nach 90 Milliounen Euro an Sécherheetsmesure gestach, sou de Luc Gaurichon, President vu Prodiss, dem nationale Syndicat vun de Spektakelberuffer an -Haiser. Obwuel d'Zuele vun de Visiteuren am éischte Semester 2017 erëm an d'Luucht gaange sinn, geet dat net duer fir d'Perten auszegläichen.

Et si virun allem privat Theateren, déi Komedie an Humorspektakele weisen, déi dës Offer ugeholl hunn. Et sinn awer och ëffentlech Haiser, déi hiren Interessi weise fir duerch d'Werbung aus de rouden Zuelen erauszekommen.

Absurden Theater

De Fait, datt eng Partie vun der Publicitéit fir déi eege Saach ass, fënnt d'Karine Marchi, Co-Directrice vum "Feux de la rampe", besonnesch interessant.

Bernard Murat, Direkter vum Theater Edouard VII a President vum Syndikat vun de privaten Theateren ass awer vun dëser Campagne net sou richteg begeeschtert. Hien hofft, datt net enges Daags d'Schauspiller matzen am Stéck musse stoe bleiwen, fir datt eng Reklamm gewise ka ginn. Hien erwaart sech aner, net kommerziell Léisunge fir d'Theaterwelt ze finanzéieren.

D'Theaterfederatioun zu Lëtzebuerg huet 19 Memberen, dorënner véier privat Theateren. Wier d'Diffusioun vu Reklamme virun der Virstellungen eng Opportunitéit am Lëtzebuerger Theater? "Meng éischt Reaktioun ass, 't ass absurd", seet d'Myriam Muller, Directrice vum Theater am Dierfchen. Awer am Kino hätt een dat och wuel absurd fonnt viru 50 Joer. "Lo huet sech all Mënsch sech dru gewinnt. An et ass esou, wéi de Kino sech iwwer Waasser hält."