Radioen

On air

De Moien  |  Europaparlament seet Äddi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roueg Rebellioun

Nei am Kino

Roueg Rebellioun

Am Donstkrees vum berüümte Schrëftsteller J.D. Salinger léiert eng jonk Literaturagentin hiren eegene Wee ze goen. "My Salinger year" ass eng idealistesch Komedie, agreabel ze kucken.

auto_stories

3 min

Déi jonk Studentin Joanna hëlt Mëtt den 90er Joren en Job an enger klenger New Yorker Agence un, déi sech ëm d'Interessie vum berüümte Schrëftsteller J.D. Salinger bekëmmert. Hir Aufgab besteet doranner, d'Fanbréiwer aus der ganzer Welt ze liesen a se mat Standardformelen ze beäntwerten. Den Auteur vun "The Catcher in the rye" lieft nämlech zënter Joerzéngten isoléiert a wëll net vun der Baussewelt belästegt ginn...

Salinger ass just e Virwand

D'Journalistin an Dichterin Joanna Rakoff hat hir kuerz Erfarung am Donstkrees vum Salinger an enger Radiosemissioun verschafft, ier si se 2014 a Buchform konnt verëffentlechen: "My Salinger year". Sou heescht och d'Filmadaptatioun vum Kanadier Philippe Falardeau, déi, anescht ewéi den Titel kéint undeiten, keng bis dohin onbekannte Facettë vum renomméierte Schrëftsteller reveléiert.

D'Joanna huet kaum Kontakt mam geheimnisvolle Personnage bis op, heiansdo, esou kuerzen ewéi sympathesche Small Talk um Telefon. An och de Spectateur kritt just sporadesch dem ale Mann seng Silhouett, mee net säi Gesiicht ze gesinn.

Bléck fir dat Weesentlecht geschäerft

D'Joanna huet zwar literaresch Ambitiounen, ass awer kee Fan vum Salinger. Deem säi Bestseller "The Catcher in the rye", deen zum intellektuelle Bagage vu praktesch all amerikaneschem Student gehéiert, huet et emol net gelies! Déi beschte Viraussetzungen also, fir déi néideg Distanz ze behalen a sech op dat Weesentlecht ze konzentréieren.

Vun hirem strikten, standardiséierten Optrag wäicht si alt emol of a verdeelt perséinlech Rotschléi. Iwwer de Courrier vun den dacks jonke Salinger-Bewonnerer léiert déi jonk Fra sech selwer besser kennen a gëtt sech no an no bewosst, wat si an hirem Privat- respektiv Beruffsliewe wëll oder net wëll.

"My Salinger year" ass eng roueg Komedie, déi op all Form vu Pathos an aner gréisser Gefillsschwankunge verzicht. D'Margaret Qualley ass hei, an der Roll vun der Joanna, sécherlech vill méi brav ewéi an hirer Interpretatioun vun der provokanter Louder Pussycat, Member vun der Manson Family am Quentin Tarantino sengem "Once upon a time in Hollywood".

Op gudden ale Schreifmaschinne getippt

Brav ass de Film och an der Beschreiwung vum literaresche Milieu. Och wann d'Joanna sech deelweis iwwer hir Aarbecht beschwéiert; och wann d'Cheffin vun der Agence, gespillt vun der Sigourney Weaver, zimmlech kal an autoritär ass; bleift et am Fong e relativ agreabelt Aarbechtsëmfeld mat sympatheschen Aarbechtskolleegen an enger Cheffin, déi duerchaus mat sech schwätze léisst. Well si der Meenung ass, datt Computeren d'Aarbecht net erliichteren, mee fir zousätzlech Belaaschtung suergen, gëtt op gudden ale Schreifmaschinne geschafft!

Mir sinn effektiv wäit ewech vum äiskale Constat vum rezenten Drama "The Assistant", deen den enthumaniséierte Bürosalldag vun enger Sekretärin an enger Produktiounsfirma ënner d'Lupp geholl hat. A "My Salinger year" ass déi gebilte Bourgeoisie ënner sech, Ausbeutung a sozial Konflikter gëtt et keng. Vum wirtschaftlechen Drock befreit, fält et engem scho méi einfach, sech op déi Saachen ze konzentréieren, zu deenen ee sech zudéifst beruff fillt, zum Beispill d'Poesie. Eng aner Manéier, fir dem "Catcher in the rye"-Held Holden Caulfield seng Jugend-Rebellioun ze interpretéieren.