Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Men I Trust - Say, Can You Hear

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwätzen ënner Ëmstänn nees erlaabt

Nei am Kino

Schwätzen ënner Ëmstänn nees erlaabt

Och am zweeten Deel vum amerikaneschen Horror-Film ''A Quiet Place'' däerf, wien iwwerliewe wëllt, kee Mucks vu sech ginn. An awer gëtt elo hei méi geschwat. Eng allgemeng éischter enttäuschend Suite.

auto_stories

3 min

D'Famill Abbott, oder wat dovunner iwwreg bliwwen ass, versicht an ''A Quiet Place 2'' weiderhin z'iwwerliewen, an enger Welt an där et - wéi schonn am Optaktfilm - ganz roueg muss sinn. Héich geféierlech Kreaturen - eng Kräizung tëschent Alien, véiergliddereg Riisespannen a soss eeklegt Gemonsters - gi vum geréngste Kaméidi ugezunn. Ee Mucks, a scho kommen se gerannt fir sech hir Affer wéi Insekten ënnert den Nol ze rappen.

D'Originalitéit vum éischten Episod war, datt e quasi ouni Dialogen auskomm war. Dat eenzegt Kommunikatiounsmëttel tëschent de Membere vun der Famill Abbott war d'Zeechesprooch, déi se wéinst der dafer Duechter Regan (Millicent Simmonds) souwisou schonn drop hat. Des weideren hat sech d'Handlung op d'Famill selwer konzentréiert: d'Mamm (Emily Blunt), de Papp (John Krasinski) an hir dräi Kanner. Dräi Méint respektiv annerhalleft Joer nom Ufank vum Onwiesen hat an der Ëmgéigend dem Uschäin no kaum soss een iwwerlieft.

Solidaritéit vs Individualismus

An der Suite gëtt da weesentlech méi geschwat. Sou kréie mer an engem Flashback gewisen, wéi no der Chute vun engem grousse Feierball d'Monstere fir d'éischt an der klenger amerikanescher Uertschaft zougeschloen haten. An da ginn d'Abbotte méi spéit mat aneren Iwwerliewenden konfrontéiert, dorënner de Frënd vun der Famill Emmett (Cillian Murphy).

Esou gëtt ''A Quiet Place'' thematesch mat der net méi grad esou neier Feststellung erweidert, datt d'Mënschen an Extreemsituatioune een deem anere säi Feind kënne sinn, mee duerchaus och zu solidareschem Handele fäeg. Wat de Reiz vum éischten Episod ausgemaach hat - nämlech d'Contrainte, absolut roueg mussen ze si fir z'iwwerliewen - geet op jiddwer Fall hei verluer.

Wéineg Interessantes an der Suite

De Realisateur John Krasinski, deen och d'Roll vum Papp spillt, gëtt sech am zweeten Deel domat zefridden, Iddien aus deem éischten souzesoen ze derouléieren. Zum Beispill ginn d'Schwaachpunkten, déi d'Famill virdru bei den ausserierdesche Wiesen entdeckt hat, elo ausgenotzt.

Um formelle Plang huet en sech och net vill afale gelooss. De parallelle Montage vun zwee oder dräi Handlungssträng, an deene wéi zoufälleg ëmmer grad eppes mat Waasser oder mat Feier leeft, wierkt dach e bësse simplistesch.

Iwwerdeems gëtt een d'Gefill net lass, hei eng Serie ze kucken. Vläicht wier ''A Quiet Place' besser an deem Format opgehuewe gewiescht ewéi an enger Suite vu Kinosfilmer. Sympathesch ass dann ëmmerhin d'Iddi, datt de Seege vun der Mënschheet eventuell vu Radios-Emissioune kéint kommen - quitt datt eis Nolauschterer och dat scho wëssen.