Radioen

On air

Tockcity  |  Ibibio Sound Machine - Got To Be Who U Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tehorah - jüddesch Lidder am Escher Theater

Eënnerung un d'Shoah

Tehorah - jüddesch Lidder am Escher Theater

Den 27. Januar gouf vun de Vereenten Natiounen zum Internationalen Dag vun der Erënnerung un d'Affer vum Holocaust deklaréiert. Och zu Lëtzebuerg sinn eng ganz Rei Manifestatiounen an deem Kader organiséiert.

auto_stories

1 min

Den Escher Theater invitéiert zesumme mat MemoShoah Lëtzebuerg, dem Nationale Resistenzmusée an der Stad Esch den nächste Méindeg op e ganz besonneschen Owend. Déi däitsch-Lëtzebuergesch Kënschtlerin Adrienne Haan kënnt deen Owend mat engem musikalesche Programm an den Escher Theater.

"Tehora" ass den Titel vun dësem Concert. Tehora heescht "reng" op hebräesch. Firwat si dësen Numm hirer Presentatioun ginn huet, erkläert d'Adrienne Haan:

"Als ich dieses Konzert geschrieben habe, habe ich mir halt auch einen Titel überlegt, weil ich im Prinzip die Manuskripte selber schreibe, die Lieder zusammenstelle, und dann braucht man halt einen Namen. Und ich wollte auf jeden Fall einen hebräischen Namen für dieses Programm haben, aufgrund derTatsache, was dieses Konzert representiert. Es wird zwar auf Deutsch gesungen, auf jiddisch, aber ich wollte definitiv einen hebräischen Namen haben. 'Rein' habe ich es deswegen genannt, weil Reinheit irgendwo ja auch für Liebe, Hoffnung, Vergebung steht und all das ist zusammengefasst in einem Wort und da passt dieses hebräische Wort Tehorah, was sich auch gut anhört, als Titel wunderbar, weil es auch den Holocaust-Gedanken im Hintergrund hat."