Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Waxahatchee - Bored

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Telemark" vum Paul Kirps

Ausstellung

"Telemark" vum Paul Kirps

Den Term "Telemark" huet verschidde Bedeitungen. Et handelt sech fir d'éischt emol ëm eng Regioun a Norwegen, "Telemark" steet awer och fir eng norwegesch Mëllechkou-Rass, a fir eng alpin Schitechnik aus Norwegen, bei der just d'Spëtze vun de Schischong duerch eng Bindung fixéiert sinn.

auto_stories

4 min

headphones

8 min

play_arrow
De Paul Kirps an der Galerie Nosbaum Reding

D'Aarbecht vum Kënschtler kann ee scho mat Alpinismus vergläichen: Et sicht ee sech selwer eng Erausfuerderung, en Thema, also e Bierg eraus, rullt bildlech geschwat dem Sisyphe säi Steen erop an der Hoffnung, datt en uewe leie bleift.

"Ech hunn e ganz grousse Faibel fir Biergsteigen, Landschaften, och déi ganz Geschichte ronderëm d'Biergsteigen: Wien als éischten op de Bierger war, den Hillary, d'Geschicht vum Mount Everest, de Reinhold Messner, dat huet nämlech vill mat mënschlecher Leeschtung ze dinn, natierlech och d'Natur, de Panorama, a wat mech da perséinlech nach vill interesséiert - wat och a menger Aarbecht zeréckkënnt- ass dat Moossen: d'Héicht vun de Bierger, dat geneet Plangen, genau, jiddereen huet seng Route, de Messner eng aner, d'Konstellatioune sinn all Kéiers anescht."

Nieft der Bedeitung vum Ausdrock "Telemark" faszinéiert de Paul Kirps och seng Ambiguitéit. "Tele" steet fir "ferngesteiert", a "Mark" géif dacks fir Seriennummere gebraucht ginn.

En Hommage un de Fiels

Wéi e Maskottchen - "Rappell" mengt de Paul Kirps méi niichter - hänkt eng zweedimensional schwaarzwäiss Bierglandschaft als Introduktioun an der Ausstellung, en Hommage un d'Matière Fiels, Granit. Déi ofgebillt Landschaft existéiert net telle quelle, et handelt sech ëm eng Kirps-Kompositioun.

Ass dem fréiere Stadmënsch Paul Kirps, deen zu Lausanne, Wien, Paräis, Barcelona, Amsterdam gelieft a geschafft huet, no sengem Retour op Lëtzebuerg d'Natur op eemol méi bewosst ginn?

"Effektiv ass dat doru gebonnen u wat ech erlieft hunn, wat iwwregens vill Saache bei mir sinn, et ass dacks un Zäite gebonnen."

Recherche: Eng wichteg Roll

D'Recherche spillt am Paul Kirps sengem Aarbechtsprozess eng riseg Roll, ass souzesoen, deen éischte Sommet, deen et ze bezwénge gëllt. Bei der aktueller Serie "Telemark" huet de Kënschtler enorm vill Fotoe geholl, sech mat Gestengs, also mat Matière beschäftegt; iwwerdroen op d'Konscht bedeit dat, datt en och de Support fir säi Konschtwierk bewosst erausgesicht huet. An der Galerie Nosbaum Reding hänken elauter grafesch, geometresch Aarbechten, a verschiddene Formater, awer net just Acryl op Toile, mee och op Holz oder Schneidmatten. Complementaire zu dësen Aarbechten huet de Paul Kirps Schablounen installéiert, respektiv arrangéiert. Dës Fondstécker erklären d'Formen op den Tableauen a wéi de Paul Kirps drop komm ass:

"Hei hunn ech elo eng éischte Kéier Saache matbruecht, déi vläicht net an de Kontext Galerie gehéieren, mee méi museal sinn, dat sinn dacks Saachen, déi ech fannen, déi gebraucht sinn, déi also fir ze recycléieren oder fir op den Tipp sinn, an engem industrielle Kader. Wann ech do Saache siche ginn, da gesinn ech déi heiansdo do bei menge Fournisseuren, ech schleefen dat da mat, dat ass et, wat et interessant mécht; sou ass meng Aarbecht och ugaangen, datt ech Saache geholl hunn, déi ni geduecht ware fir schéin ze sinn, oder fir iergendeppes gebraucht kéint ginn, mee well et Offall ass, a well et de Negativ ass vum Positiv. Hei gesäit ee bei den Installatiounen do si Saachen erausgedréckt ginn, mee déi sinn net méi do, also handelt et sech bei deen dote Stécker ëm Temoignage vu vergaangene Saachen, déi u sech total onverbraucht sinn. Déi Konstellatiounen, déi Formen, déi Layeren, also Schichte fënnt een dann och zeréck an de Peinturen."

A wat geschitt, wann de Paul Kirps déi verschidden Elementer zesummebréngt?

"Zu de Matièren - Steen, Granit, Landschaften - déi si visuell erabruecht. An all Toile ass zum Beispill en Deel vun engem Bierg, och wann et verstoppt ass - do gesäit ee just déi Bande, do gesäit een et och ënnen - dat heescht, an deem Fall hunn ech et esou mat erabruecht. D'Layeren uewendriwwer sinn opgebaut op Zoufäll, op Accidenter, Saachen, déi schif ginn, woufir déi Kéier méi Fräiraum gelooss ginn ass wéi normalerweis bei mengen Aarbechten. Trotzdeem kann ee soen, datt et eng kontrolléiert Spontanitéit ass."

De Planger Paul Kirps plangt fir d'Zukunft eng Publikatioun, an der, nieft der Recherche am Virfeld, ebe just dat dokumentéiert gëtt, wat während sengem kënschtleresche Work in process geschitt, wat net ze plangen, mee wat spontan a vergänglech ass.

Manuellt Verschaffen

Zemools d'Aarbecht op Schneidmatten huet hie gepaakt, mat C.M., wéi cutting matts, fänken eng ganz Partie Wierknimm un.

"Schneidmatte reagéiere ganz gutt op den Acryl. Du kanns Faarf transparent opdroen, a gielen an a rouden Téin zum Beispill, an ech mengen, dat ass esouguer an der Seriegrafie relativ schwéier. Dat maschinellt Verschaffen, awer manuell, dat huet mech schonn interesséiert, also och wann et maschinell ausgesäit, et ass manuell realiséiert."

Zanter kuerzem huet de Paul Kirps eng Plaz, e bezuelbaren Atelier. "Telemark" ass déi éischt Serie, déi do entstanen ass. D'Resultat schwätzt fir sech.