Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tess Burton begréisst IRM fir Gréiwemaacher

Medezin

Tess Burton begréisst IRM fir Gréiwemaacher

D'Deputéiert Tess Burton begréisst, datt Gréiwemaacher een IRM kritt huet. Dat wier eng grouss Plus-Value fir den Oste vum Land, sou d'Politikerin déi am Maacher Gemengerot an der Oppositioun ass. De Buergermeeschter Leon Gloden hat eis de Mëttowch confirméiert, datt ee privaten Investisseur esou een IRM-Scanner kaaft hätt. D'Tess Burton seet si wier zouversiichtlech, datt elo séier ee legale Kader fir de Remboursement duerch d'CNS dofir geschaf géif ginn. D'LSAP-Politikerin ka sech awer och virstellen, datt d'Leit an enger éischter Phas een IRM aus der eegener Täsch bezuelen.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Sibfilm

Lauschterenplay_arrow


D'lescht Woch schonn ass den IRM op Gréiwemaacher geliwwert ginn, sot eis de Mëttwoch een houfregen Léon Gloden, Maacher Buergermeeschter an CSV-Deputéierten. Ob a wéi d'Scannen déi do solle gemaach ginn rembourséiert ginn ass awer nach net kloer, an déi zoustänneg Ministesch huet sech dozou bei eis och éischter zréckhalend geäussert. "Et ass nach keen neie Moment an deem Dossier vun eiser Säit, sou datt dat lo fälschlecherweis sou ausgesäit wéi wann do eppes geregelt wier.

Datt bis Ufanks 2022 ee Gesetz do wier kéint si och net garantéieren. Hir Parteikolleegin Tess Burton seet den Apparat wier - hiren Informatiounen no - technesch souwisou nach net operationell. Si kéint sech awer virstellen datt en - soubal wéi méiglech agesat gëtt, och wann d'CNS dann net aspréngt.

"Natierlech wann déi Autorisatioun vum Gesondheetsministère feelt, da geet et ëm de Remboursement, mee amfong ass et da méiglech awer vun deem Gerät ze profitéieren oder sech do seng Consultatioun maachen ze loossen."

"Keng Zwee-Klasse-Medezin"

Déi Intresséiert missten een IRM also dann - op mannst an enger éischter Phas - aus dem eegene Portmonni bezuelen. D'Tess Burton gëtt zou, datt deen da gutt muss gefëllt sinn.

"Sou eng Consultatioun kascht anscheindend 500-600 Euro, dat ass natierlech net jiddereen deen dat ka bezuelen. Ech mengen et gëtt jo nach ëmmer d'Méiglechkeet, wann een déi Ënnersichung brauch, sech an enger Klinik déi Ennerschung machen ze loossen also et ass jo net sou datt een dovunner ausgeschloss ass."

Eng Zwee-Klasse-Medezin wéilt si als LSAP-Deputéiert awer op kee Fall, verséchert d'Tess Burton. Wichteg ass fir d'Ost-Deputéiert virun allem d'Opwäertung vun der medezinescher Versuergung an der Regioun, seet si. Si hofft och weiderhin, datt fir Exploitatioun vum IRM nach ee Spidol als Partner ka mat u Bord geholl ginn.

Nach ass villes onkloer, mee d'Tess Burton ass zouversiichtlech datt de legal Kader fir de Maacher IRM am Laf vum nächste Joer wäert stoen.