Radioen

On air

Notturno  |  Jim James - In The Moment

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ The Lost City of Z vum James Gray

Luxembourg City Film Festival

The Lost City of Z vum James Gray

The Lost City of Z vum James Gray, op der Berlinale uropgefouert, leeft an der Competitioun vum Luxembourg City Film Festival. Trotz gewaltegen an epesche Bildkompositioune verpasst de Film et de Spectateur richteg ze fesselen.

auto_stories

3 min

© DR

1925 mécht sech den englesche Militär, Kartograph an Aventurier Percival Fawcett mat sengem eelste Fils déi éischte Kéier nom éischte Weltkrich a Richtung Südamerika, fir no Iwwerreschter vun enger mysteriéiser Zivilisatioun ze sichen. Am Mee vun deem Joer verschwënnt hien awer mat senger ganzer Expeditioun am brasilianesche Mato Grosso. Zanterhier hunn Dosende vu Gläichgesënnte versicht, Iwwerreschter vun dëser Expeditioun ronderëm den dekoréierte Fawcett erëmzefannen. Ouni Succès.

Eppes iwwer 90 Joer méi spéit revisitéiert de Realisateur James Gray mam Film "The Lost City of Z" dem Percy Fawcett seng Geschicht. Véier Joer sinn zënter sengem leschte Film "The Immigrant" vergaangen. Et stellt sech eraus, datt d’Experienz vun dësem Kostümfilm quasi néideg war, fir dëst wäitaus méi epescht Wierk op den Ecran ze transposéieren. Epesch, manner am Sënn vu Gréisst a Längt - de Film dauert zwou Stonnen an zwanzeg Minutten - dofir awer méi am Sënn vum dramaturgesch klasseschen Heldenepos.

Keng simpel Kopie

De Film baséiert um Buch mam nämmlechten Numm aus der Fieder vum amerikanesche Journalist David Grann, dee sech do virdrun scho mat engem 20.000 Wierder laangen Artikel fir den New Yorker mam Sujet waarm geschriwwen hat.

Wann een u Filmer a Bicher ronderëm déi sougenannten ziviliséiert Männer aus dem Westen denkt, déi sech op d'Südhallefkugel maachen, fir do aus Onbekannt Bekannt ze maachen, oder fir déi westlech Zivilisatioun an den déiwen Dschungel ze bréngen, da falen engem natierlech Stéchwierder an. Dem Joseph Conrad säin "Heart of Darkness", doraus resultéierend " Apocalypse Now", an natierlech dem Herzog seng Kinski Filmer "Aguirre, der Zorn Gottes" oder "Fitzcarraldo".

Alles dat ass am Gray sengem Film dran, mee de Realisateur versicht mat dramaturgeschen Tricken nieft deene genannte Wierker net ënnerzegoen. Dem Charlie Hunnam säi Fawcett gëtt net am Ufank vum Film mat engem perséinleche Wahnsinn a säin Ënnergang geschéckt. De Fawcett alternéiert am Film tëschent senger Zäit doheem bei senger Fra, vum Sienna Miller gespillt, a senge Kanner a senge jorelaangen Expeditiounen am Dschungel.

De Gray portraitéiert am Fawcett ee vum Féiwer gebassenen, vun enger wëssenschaftlecher Logik a Besënnung ugedriwwene Mann, deen, wann et drop ukënnt, der Realitéit an d’Ae kucke kann. Dës Ecriture gëtt och am Material vum David Grann däitlech, dat dofir suergt, dat de Film a sengem Realismusgeste quasi ouni Héichpunkt auskënnt.

Et feelt un Déifgrënnegkeet

Den James Gray ass en Ästhet virum Här, dat huet hie während senger Carrière ëmmer nees bewisen. Am Derek Cianfrance huet hie vläicht elo en Akolythe fonnt. Mee säin eigentleche Zäitgenoss ass den David Lean. E Mann deen zanter méi wéi 25 Joer dout ass. Mee dofir bleift den Terme vum zäitgenëssesche Klassiker awer gëlteg.

Dem Gray seng elegesch elegant Billersprooch an dem Darius Khondji seng Kamera-Aarbecht sinn ze schéi fir dës Welt. Zesumme mam ongewinnte Schreiwes verpasst de Film et awer, de Spectateur esou ze schlécken, ewéi d’Personnage vun der wëller Natur geschléckt ginn. Eng Distanz baut sech op, déi dem am grousse Ganze gudde Film just en hallwe Gefale mécht. De ganze Passage un der Front vun der Somme während dem éischte Weltkrich hätt kéinten déi grouss Opdeckung mat der just scheinbarer westlecher Zivilisatioun sinn. De Kubrick wier zwar houfreg iwwert d'Bildgewalt, déi dramaturgesch Katharsis bleift awer leider aus.

D’Schauspiller sinn immens gutt, mat virop natierlech dem "Sons of Anarchy"-Star Charlie Hunnam an dem Robert Pattinson, mee d’Sienna Miller ass ähnlech staark. Et hätt ee sech awer gewënscht, datt säi Personnage nach méi eng wichteg Roll ageholl hätt. Da wieren déi 142 Minutte vum Gray sengem awer beschte Film wierklech gerechtfäerdegt.