Radioen

On air

Kultur um 5  |  D‘Lara Grogan bréngt hiren éischten Album eraus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zäit vergeet, de Fuji bleift ...

Fotografie

D'Zäit vergeet, de Fuji bleift ...

"Thirty-six Views of Mount Fuji" heescht dem Raoul Ries seng Fotoserie, déi an der Galerie Clairefontaine ze gesinn ass. D’Biller inspiréiere sech um japanesche Moler Hokusai sengen Holzschnëtter. Et ass deemno och eng Ausernanersetzung mat der Vergänglechkeet an der Bestännegkeet.

auto_stories

4 min

Eng Hokusai-Ausstellung zu Paräis war den Ausléiser vum Raoul Ries sengem Projet. D'Wierker vum japanesche Kënschtler, deen ëm 1830 seng bekannt Holzschnëtter geschaaft huet, hunn hien iergendwéi markéiert. Direkt huet de Raoul Ries net op seng Andréck reagéiert. Eréischt méi spéit a sengem Liewen ass him eng gewëssen Ähnlechkeet tëschent den Holzschnëtter an der Fotografie opgefall ...

Den Hokusai hätt kuerz Momenter aus dem Liewe gegraff, Symboler a Referenzen op d'Joreszäiten agebaut, an de Bierg am Hannergrond gehalen. "Net onbedéngt als Haaptsujet, mä just am Hannergrond. Fir ze weisen: do ass nach eng aner Zäitspan. Et geet ëm d'Zäit. Et ass dat, wat d'Fotografie och mécht", erkläert de Raoul Ries.

Foto: Raoul Ries

De Fuji symboliséiert d'Onstierflechkeet

Esou fënnt een am Raoul Ries senge 36 Usiichte vum Fuji d'Vergänglechkeet erëm ... de Verlaf vun de Saisonen ... Mënschen, déi am Virdergrond dem gewéinlechen Alldag noginn ... Schnéi schëppen ... spazéieren ... am Gaart schaffen ...

D'Bestännegkeet gëtt duerch de Fuji vermëttelt, deen am Hannergrond berouegend verankert ass. Ee Bierg, dee japanesche Legenden no d'Onstierflechkeet symboliséiert.

Eng weider Verbindung tëscht der Fotografie an dem Hokusai sengen Aarbechten ass déi mechanesch Reproduktioun. "Den Hokusai huet seng Holzschnëtter 1830-32 gemaach. D'Fotografie ass 1839 offiziell erfonnt ginn. D'Iddi vum Moment afänken a preservéieren houng an der Loft."

Distanz zum Sujet

De Raoul Ries huet sech deemno um grapheschen Opbau vum Hokusai senge Wierker inspiréiert, an där eng Aart "schwiewend Welt" duergestallt gëtt. Verschidde geometresch Forme fënnt een erëm, sou wéi eng kloer Déift. Studéiert huet de Raoul Ries virun der Japan-Rees net nëmmen den Hokusai selwer, mä ënnert anerem och dem Fotograf Jeff Wall säin "A Sudden Gust of Wind (after Hokusai)".

Esou eng Reconstructioun hätt hie fir seng Aarbecht awer wéilte verhënneren. "Ech hunn en ästhetesche Kader definéiert, dee méi un der Distanz zum Sujet an eventuell um grapheschen Opbau baséiert huet. Dat heescht: Distanz zum Sujet". De Raoul Ries gesäit sech als en "observateur non jugemental".

Foto: Raoul Ries

De Raoul Ries ass zwee Mol, all Kéiers zu verschiddenen Zäiten, a Japan gereest. All Saison ass a senger Fotoserie vum Fuji representéiert - ausser dem Hierscht, well dann de Bierg net ze gesinn ass. Fir de Projet ze realiséieren, war d'Wiel vum Transportmëttel a Japan elementar: e klenge Klappvelo, mat deem hien e puer dausend Kilometer gefuer ass, an deen him déi néideg Flexibilitéit ginn huet.

"Wat zielt, ass eng Intentioun ze hunn"

Ëm déi 2.000 Fotoen huet de Raoul Ries schlussendlech geholl, vun deene 36 Stéck zréckbehale goufen. Wierker, déi op verschiddenen Niveaue mam Hokusai sengen Holzschnëtter a Relatioun stinn. "D'Referenz ass formell, an och gespigelt technesch." Sou wéi de japanesche Kënschtler sengerzäit eng blo Faarf aus Däitschland benotzt hat, dréckt de Raoul Ries op aldäitschem Pabeier a mat japaneschen Tënten. D'Fotoe mécht de Lëtzebuerger mat engem japanesche Foto-Apparat.

Eréischt méi spéit a sengem Liewen ass hie richteg an d'Fotografie erageklommen. Thematesch beschäftegt de Fotograf sech haaptsächlech mat der Aura vu Plazen an de Mënschen, déi do präsent sinn. "Wat zielt, ass eng Intentioun ze hunn. An der Lescht kann ech se méi präzis formuléieren." Et wieren ëmmer nach esouvill Saachen, déi géint e Projet schaffen, eng stabil Approche wier wichteg. "Do sinn ech effektiv méi zolidd ginn."

Raoul Ries


Dem Raoul Ries seng Foto-Ausstellung "Thirty-six Views of Mount Fuji" ass nach bis de 27. Mee an der Galerie Clairefontaine ze gesinn. D'Serie "Thirty-six Views of Mount Fuji" verëffentlecht de Raoul Ries och ënnert dem Hatje Cantz Verlag, deen d'Buch international vermaart. 2010 hat hie seng éischt Expo.