Radioen

On air

Al Schanken  |  Eliza Gilkyson - Peace In Our Hearts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Time space continuum" vum Edward Steichen

Fotografie

"Time space continuum" vum Edward Steichen

De gebiertege Béiwenger Edward Steichen gëtt haut virun allem mat den zwou grousse Fotoausstellungen "Family of man" an "The bitter years" associéiert, déi hien als Chef vum Foto-Departement vum New Yorker Moma kuratéiert a spéider u Lëtzebuerg vermaach huet. "The family of man" steet esouguer op der Unesco-Lëscht vun de Weltkulturierwen. Eng Expo an der Villa Vauban setzt sech elo mam eegene Wierk vum Edward Steichen auserneen.

auto_stories

3 min

Zum Fong vun der Stad Lëtzebuerg gehéieren zanter 1980 am Ganze 44 Edward-Steichen-Fotografien. Néng dovu sinn Originaler, 35 spéider Tiragen. Den Edward Steichen ass 1973 an Amerika als bekannte Kënschtler gestuerwen. No sengem Doud war zu Toulouse eng grouss Retrospektive presentéiert ginn an eng Partie Galerien hu mat senge Wierker gehandelt. D’Stad Lëtzebuerg wollt och eppes hunn. D’Acquisitioune sinn 1983 an der Villa Vauban eng éischte Kéier ausgestallt ginn, duerno huet d’Stater Fotothéik se archivéiert, dokumentéiert an elo viru kuerzem restauréiere gelooss. Also ware se prett fir virun d’Dier, fir nach emol eran an eng Villa.

An der Ausstellung goufen d'Biller chronologesch opgehaangen, esou wéi se entstane sinn, seet d’Gabriele Grawe, Conservatrice vun der Villa Vauban. Op dës Manéier géing ee gutt gesinn, wéi den Edward Steichen sech selwer entwéckelt huet. "Souwuel wat seng fotografesch Entwécklung ugeet, wéi och seng Ausenanersetzung mat anere Beräicher an der Konscht."

Eng Foto wéi gemoolt

Den Edward Steichen ass no senger Ausbildung zum Lithograph op Paräis gaangen, fir do Molerei ze studéieren. Genau dat huet hien do awer opginn an sech amplaz als Fotograf autodidaktesch weider gebilt. An senger Aarbecht huet hien sech awer ëmmer, bis an déi spéit 20er Joren eran, mat der traditioneller Konscht ausernee gesat. Doduerch géing sech och d'Konzept rechtfäerdegen, fir d'Fotografien am Dialog mat der Molerei ze weisen, mengt d'Gabriele Grawe.

Fir 2-dimensionale Fotoen 3-dimensional Objete géigeniwwer ze stellen, huet d’Gabriele Grawe zum Beispill eng Reproduktioun vun der “Penseur”-Skulptur am Rodin-Musée bestallt. D’Curatrice wollt awer nach e Schrëtt méi wäit goen. Si stellt dem Edward Steichen senge 44 Biller Wierker vu Lëtzebuerger Kënschtler aus der 1. Halschent vum 20. Joerhonnert zur Säit, déi ähnlech Sujeten traitéieren. Do wou dem Steichen seng Fotoen d’Mënsche positiv en Valeur setzen, weisen Dominique Lang, Pierre Blanc, Henri Rabinger, Claus Cito a Co. éischter eng gequäälte Gesellschaft op Tableauen a mat Skulpturen, also mat traditionellen Techniken.

Heavy Roses, Voulangis, France (1914) / Edward SteichenHeavy Roses, Voulangis, France (1914) / Edward Steichen

Di eelst Foto an der Ausstellung, vun 1898, ass en Autoportrait am Alter vun 19 Joer, déi jéngst eng Opnahm vum Steichen senger 3. Fra Joanna vun 1959. Mee de Gros vun de Fotoe stamen aus der Zäit vum Enn vum 19. Joerhonnert bis zum Enn vun den 1920eger Joren. Dës Phase gëllt als dem Edward Steichen seng kreatiivst a bedeitendst Schaaffensperiod. An dat bedeit fir d’Ausstellung an der Villa Vauban, datt een op nëmme 44 Biller quasi déi komplett Entwécklung a Wandlung vun engem Kënschtler matmécht: de Wee vun der kënschtlerescher Fotografie hin zu de kommerzielle Klischeeën.

E Pionéier an der Fotografie

Do geséich een enorm Ënnerscheeder, fënnt d'Conservatrice vun der Villa Vauban. "Hien huet et wierklech gepackt eng Bréck ze schloen, déi menger Meenung no säi Liewenswierk ausmécht." Dowéinst wier den Edward Steichen och esou e wichtegen a bedeitende Personnage an der Geschicht vun der Fotografie, "well hien a villen Hinsichten einfach eng Virbildfunktioun hat". Hien hätt villes ausprobéiert, wat déi Generatiounen duerno applizéiert hunn.

Wéi bis ugefaange gouf, sech an der Konschtgeschicht mat der Fotografie ze beschäftegen, nom Zweete Weltkrich, wier ëmmer nees d'Fro gestallt ginn: "Ass dat iwwerhaapt Konscht?" Den Edward Steichen hätt sech awer schonn ëm 1900 mat dësem Medium beschäftegt. Doduerch wier hien absolut zum Kand vu senger Zäit, vun der Fotografie ginn. Bis haut gëllt de gebiertege Béiwenger als Virreider fir vill aner Fotografen.

The Blue Sky – Dana (1923) / Edward Steichen

The Blue Sky – Dana (1923) / Edward Steichen