Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tower : E visuellt Gedicht

Luxfilmfest

Tower : E visuellt Gedicht

Dem US Realisateur säin innovativen Documentaire analyséiert de Courage an d'Zerbriechlechkeet vun de Mënsche géigeniwwer dem gréissten Iwwel. 50 Joer nom Sniper Massaker um Campus vun der Austin Universitéit kreéiert de Keith Maitland e visuellt Gedicht.

auto_stories

2 min

Texas, Austin University. Et ass waarm den éischten August 1966. Am Bild sinn zwee verléifte Studenten. D’Claire, schwanger, an den James. Déi zwee freeë sech op hiren zukünftege Bëbee an trëppele gemittlech aus der Uni. Op eemol fält e Schoss aus dem Tuerm vun der Uni. Déi zwee falen op de Buedem. Den James ass direkt dout.

16 Mënsche brutal ëmbruecht

Mat der Zeen lancéiert de Keith Maitland déi dramatesch Geschicht vum Sniper Massaker um Campus vun der Universitéit Austin Texas bei dem 16 Leit brutal ëmbruecht goufen.

De Cineast kombinéiert op eng kreativ Aart a Weis Archiv-Fotoen, Videoen an Interviewe mat enger schéiner Rotoskopie. Ënner Rotoskopie versteet een eng Animatiounstechnik bei där richteg Acteuren agesat ginn, fir datt et méi realistesch wierkt. Duerno molen d'Animateuren iwwert d'Filmmaterial.

Rotoskopie

De Keith Maitland hätt keng besser Animatiountechnik kéinte wiele fir dës brutal Geschicht z'erzielen, déi de Spectateur 96 Minutte laang fesselt. Duerch d'Animatioun kann hie Saache soen, déi een an engem normale Film net kéint soen. Hie kënnt op Plaze wou ee soss net géif hi kommen. Zum Beispill begleet den Documentaire déi couragéiert Polizisten, déi de Sniper eliminéiert hunn. D'Rotoskopie bréngt et fäerdeg, iwwert den Ecran eng grouss Emotioun a Mënschlechkeet ze kreéieren. Duerch subtil Gesiichtsausdréck, zum Beispill d'Blénke vun den Aen oder d'Ziddere vun de Lëpsen.

Trotz dem schwaarzen a brutale Sujet, hannerléisst Tower e Gefill vu reeller Hoffnung, duerch de grousse Courage an d'Frëndlechkeet déi während dem Massaker present waren. D'Rita Starpattern ass eng vun de Figuren, un där de Keith Maitland dëse Courage beweist. Trotz enger fifty fifty Chance z'iwwerliewen, ass si an d'Mëtt vum Campus gelaf fir dem Claire ze hëllefen. Eng Aktioun déi d'Fro op léist: Hätt ech dat och an hirer Plaz gemaach?

Am Tower komme vill Leit zur Wuert, et gi vill Geschichten erzielt. Trotzdem verléiert de Maitland de Fokus net. Dem US-Realisateur säin Objektiv war et ganz kloer déi Leit schwätzen ze loossen déi bis elo nach keng Chance dozou haten. An dat geléngt him.

E Film iwwert Hoffnung a Léift

A kengem Moment probéiert Tower ee moralesche Message iwwert d'Waffekultur an Amerika ze senden. Weder ass et e Film iwwert den Ex-Marin Snipershooter. Dem Keith Maidland säi Film ass ee mënschlecht Gedicht, dat sech op d'Geschicht vun den Iwwerliewende fokusséiert. An engem Sënn ass Tower och e Film iwwert d'Leift, d'Schéinheet vum Liewen an Verzeien. Well am Endeffekt huet souguer d'Claire sengem gréissten Alpdraam verzien.