Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump hin, Trump hier: en amerikanesche President

Sachbuch

Trump hin, Trump hier: en amerikanesche President

Wéi hunn d'USA hir global Dominanz opgebaut? Wéi ass d'Hegemonie zerbréckelt? Wou sinn Amerika an d'Welt ënner dem Donald Trump drun? De Sammelband "Fin du leadership américain? L'état du monde 2020" (La Découverte), ënner der Leedung vu Bertrand Badie an Dominique Vidal, hëlleft, déi Froen ze beäntwerten.

auto_stories

5 min

Wat bedeiten, am Kontext vun der Corona-Kris, déi rezent vum amerikanesche President u China geriichte Scholdzouweisungen? Andeems hie Peking fir den Ausbroch vum Virus verantwortlech mécht, géif den Donald Trump vu senger eegener katastrophaler Gestioun vun der Kris a sengem Land oflenken, soen e gudden Deel vun de politesche Commentateuren an de Medien.

Dat ass warscheinlech net ganz falsch. Mee esou Aschätzunge gi seelen iwwer d'Dagespolitik eraus a sinn dacks un de Verweis op dem Trump seng schwiereg Perséinlechkeet gekoppelt. Setzt een dat elo alles an e méi breede geopoliteschen an historesche Kontext, da mierkt een, datt en aneren US-President am Trump senger Situatioun net onbedéngt anescht gehandelt hätt, quitt datt d'Ausdrocksweis vläicht eng aner gewiescht wier.

Angscht virum neie chineseschen Hegemon

D'Rivalitéit tëschent den USA a China huet sech zanter dem Ufank vun den 1990er Jore graduell zougespëtzt. D'Vereenegt Staaten haten deemools op eemol gemierkt, datt China op der Weltbün zu engem fir si geféierleche politeschen Acteur kéint eruwuessen. Esou eppes war laang net fir méiglech gehale ginn.

Tatsächlech kéint et de Chineese geléngen, a relativ kuerzer Zäit vun engem Entwécklungsland, dat fir de Rescht vun der Welt bëlleg produzéiert, zu engem héich-technologiséierten Acteur ze ginn, dee seng wirtschaftlech Capacitéiten an eng militäresch Muecht verwandelen a firwat net och d'Roll vun der dominanter Muecht iwwerhuele kann.

''Fin du leadership américain ?'' heescht e Sammelband, dee sech mat der Fro vun der amerikanescher Hegemonie beschäftegt. D'Buch, ënner der Leedung vum Bertrand Badie an dem Dominique Vidal, koum Enn 2019 an der Serie ''L'état du monde'' beim Verlag La Découverte eraus, eng Serie, déi Joer fir Joer e markante geopolitesche Sujet erausgräift, e syntheteschen Iwwerbléck gëtt, de Bilan zitt an en Ausbléck mécht.

Déi zwou Dosen Auteuren, déi hei zu Wuert kommen - Politologen, Historiker, Ekonomisten, Journalisten -, sinn alleguerten Experten an hire respektive Beräicher. Politesch kann ee si méi oder manner zum lénke bis lénks-liberale Spektrum zielen. A kompakten Analyse maache si de Point iwwer déi dach komplex diplomatesch, militäresch, wirtschaftlech Bezéiungen tëschent den USA an hiren Alliéierten respektiv Feinden.

Relatioun mat den Europäer degradéiert sech scho méi laang

An engem reng historeschen éischten Deel gëtt drun erënnert, wéi d'USA sech zanter hirer Grënnung an Etappe fir d'éischt zu enger Weltwirtschaftsmuecht an dann enger Hegemonialmuecht entwéckelt hunn, éier dës Hegemonie ugefaangen huet ze zerbréckelen - eigentlech scho wärend dem Kale Krich an ëmsou méi nom Niddergang vun der Sowjetunioun, wéi d'Amerikaner am Fong als eenzeg ''superpuissance'' iwwreg bliwwe waren.

An enger zweeter Partie ënnersichen d'Auteuren déi verschidde Voleten, an deenen déi amerikanesch Hegemonie zum Ausdrock kënnt, virop an der Relatioun mat den Alliéierten. An do gëtt zum Beispill d'Fro opgeworf, wien elo vu wiem manipuléiert gëtt, wien deen anere viru sech hin dreift an zu ongewollten Handlunge souzesoen zwéngt.

Wichteg war laang d'Relatioun mat Europa, mee och dat ännert mat der Zäit. Wéi verschidden europäesch Staaten hir Distanze geholl hate vum George W. Bush sengem Iwwerfall op den Irak 2003, hu sech déi Bezéiunge mat der Zäit verschlechtert. Och ënner dem Demokrat Obama gouf et do keng notabel Verbesserung, am Géigendeel. Dofir schéngen dem Donald Trump seng Attacke géint europäesch NATO-Partner oder, um wirtschaftleche Plang, géint Däitschland nëmmen eng logesch Suite vun enger méi laanger Degradatioun ze sinn.

Bréch a Kontinuitéiten

Am Buch gëtt bei all Sujet de leschte Stand geliwwert, sief et bei der Kontestatioun vun der Roll vum Dollar als dominant Wärung, sief et bei de politesche Konsequenze vun der Entdeckung vun de shale-oil-Reserven um amerikaneschen Territoire, asw. Mee ëmmer gëtt dëse leschte Stand a Bezuch op d'Laangzäit-Perspektiv geduecht. Wou si Bréch ze erkennen? Wou d'Kontinuitéiten?

Eng Conclusioun um Enn gëtt et net, ausser vläicht schonn an der Aféierung vum Bertrand Badie. Fir de Politolog wier Amerika mam Donald Trump an enger paradoxaler Situatioun ukomm:

''Curieux paradoxe qui nous présente la 'superpuissance' sous les traits d'un 'super-contestataire', exerçant ses talents dans la critique de tout ce qu'elle avait contribué à susciter du temps où ses prétentions hégémoniques étaient à leur zénith.''

Wat nom Zweete Weltkrich Fakteure vun der amerikanescher Dominanz waren - also de Multilateralismus ënner dem Patronage vun de Vereenten Natiounen, d'Politik vun den Allianzen am Kader vun der NATO, an d'Globaliséierung an hiren ekonomeschen, handelspoliteschen an technologesche Voleten, alles dat géifen d'USA elo a Fro stellen.

Trump, Isolationist wéi d'Grënnungspäpp

Am Laf vun der Lektür mierkt een, datt d'USA ënner dem President Trump näischt aneschters ustriewe wéi ënner deem senge Virgänger: an zwar d'Bäibehale vun der globaler Dominanz duerch eng Natioun, déi sech vun Ufank u fir aussergewéinlech gehalen huet. Dobäi gëtt sech allerdéngs op méi enk definéiert national Interessien zeréckgezunn, nom Slogan ''America first''.

Also näischt aneschters wéi eng Zort vun Isolationismus an Interventionismus à la carte, wéi se schonn d'Grënnungspäpp vun deem Land gepriedegt haten.

Déi 220 Säite vum Sammelband ''Fin du leadership américain ?'' aus der Serie ''L'état du monde'' si kloer formuléiert an op de Punkt bruecht. Et ass e ganz nëtzlecht Instrument, fir sech e Bild vun de globale Muechtverhältnisser ze maachen an d'Aktualitéit anzeuerdnen.