Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Um Camping ass eng méi lass

Netflix

Um Camping ass eng méi lass

De Gangsterfilm ''Ferry", vun der flamännescher Realisatrice Cecilia Verheyden, ass de Prequel vun der belsch-hollännescher Serie ''Undercover''. Deelweis skurrill an awer herrlech drëchen.

auto_stories

2 min

Eng Drogeband vun Amsterdam gëtt vu Gangsteren ausgeraibert. Dem Boss seng riets Hand, de Ferry Bouman (Frank Lammers), gëtt ugestallt, déi Responsabel vum Iwwerfall ze fannen an ze liquidéieren. D'Spuer féiert de Ferry séier op e Camping a Flandern. Do léiert en niewelaanscht déi attraktiv Danielle (Elise Schaap) kennen, déi e Kiermesstand bedreift. Mee wéi esou dacks am Liewen sinn och hei Léift a Geschäft nëmme schwéier ënnert een Hutt bréngen...

De Gangsterfilm ''Ferry'' vun der flammännescher Realisatrice Cecilia Verheyden dierft all deene bekannt virkommen, déi ''Undercover'' gesinn hunn. An der belsch-hollännescher Serie, där hir zwou Staffelen 2019 respektiv 2020 erauskomm waren (an och op Netflix lafen), goung et ëm zwee Polizisten, déi inkognito an engem Camping an der belscher Provënz Limburg enquêtéiert haten. Hiert Zil war et, den hollänneschen Drogentrafikant Ferry Bouman, deen do seng Weekender verbruecht huet, in flagranti z'erwëschen.

Flappseg a brutal, mee loyal

De Film erzielt elo d'Virgeschicht vun der Serie, déi een net onbedéngt muss virdru gesinn hu fir nozekommen. Hei ass de Ferry nach nëmmen engem anere Kriminelle säi grad esou brutalen ewéi flappsege Lakai. Am Géigesaz zum klassesche Muster, nodeem en ambitionéierten Dénger mat enger Mëschung aus Opportunismus a Verrot lues a lues d'Karriärleeder am Milieu eropklëmmt, schéngt den Haaptprotagonist just duerch d'Ëmstänn a seng spéider Roll als Drogeboss eragerëtscht ze sinn. De Ferry ass en duerchaus loyalen Typ, deem een, trotz dem kriminelle Kontext, eng gewëssen Integritéit kann zegutt halen.

De Film insistéiert um Ferry sengem familiären Hannergrond, dat heescht eng schwiereg Kandheet mat engem brutale Papp an, am Erwuessenenalter, eng gespaante Bezéiung zur Schwëster. Den Drogeboss Brink, fir deen hie schafft, a seng Renconter mat der Fra um Camping, si souzesoe Projektioune vu sengem Papp a senger Schwëster, mat deene hie sech elo muss konfrontéieren.

Gutt Balance tëschent Skurrilitéit an Drëchent

Datt de Film sech gréisstendeels op engem Camping ofspillt, schaaft schonn en interessante Kontrast zum urbane Kader vun den Zeenen zu Amsterdam. Et wier sécherlech e Feeler gewiescht, deen Decalage ze vill z'ënnersträichen, an esou an eng Zort bëllege Klamauk ze verfalen an de Personnage vum Ferry an de Comedy-Regëster ofdriften ze loossen.

Trotz enger Partie méi oder wéineger skurrillen Niewepersonnagen ass dat glécklecherweis net de Fall. De Grondtoun bleift eescht, mir si kloer am secë Gangster-Genre. ''Ferry'' huet guer net d'Ambitioun, e Meeschterwierk ze sinn. Dofir ass et e gutt ficeléierte klenge Film, deen ee mat Pleséier ka kucken.