Radioen

On air

Trendscheif  |  Nilüfer Yanya - Like I Say (I Runaway)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Under the Silver Lake vum David Robert Mitchell

Filmkritik

Under the Silver Lake vum David Robert Mitchell

Personnagen, déi näischt ze dinn hunn, begéine Personnagen, déi nach manner ze dinn hunn, begéinen nach aner Personnagen, déi awer wierklech näischt ze dinn hunn. Dat ass en gros de Plot vum David Robert Mitchell sengem neiste Film "Under the Silver Lake". Dat kléngt no engem dënne Plot, hanner deem sech awer vläicht ,oder vläicht och net, méi verstoppt.

auto_stories

4 min

Et gëtt Fäll, an deenen ass de Realisateur sou ugesot, datt hien oder si - meeschtens hien - nom éischte cinematographeschen Indie/Independent-Worf vun der Hollywood Maschinerie accaparéiert ginn. Op eemol sti se do, an hunn 250 Milliounen Dollar ënner dem Regiestull leien a si Responsabel vun engem Star Wars oder soss engem fette Franchisefilm. Heiansdo geet dat, iwwer d'Joren hu sech awer ëmmer nees Fäll ugeheeft, wou dat fatzeg an d'Box gaangen ass. Da gëtt et nach eng aner Zort hot Directors: Nom Éischtlingswierk, engem Festivalhit, loosse Produzente mat déiwen, vollgestoppten Täschen de Realisateuren artistesch Carte Blanche. Well, maache mir eis näischt vir, iergendee grousse Festival hëlt dee Film a seng wichtegst Competitioun op. Genee esou ass et dem David Robert Mitchell ergaangen. No sengem Hit "It Follows", deen zu Cannes an der Semaine de la Critique gelaf ass, ass hie fir "Under the Silver Lake" geupgrade ginn: Offiziell Competitioun. An eppes virewech geholl: de Film ass esou richteg an d'Pan geklaakt ginn!

Banalen Ufank vum Plot

D'Geschicht vun "Under the Silver Lake" ass einfach an onméiglech zugläich erëmzeginn. Den Andrew Garfield an der Haaptroll sëtzt, ouni Aarbecht zu Los Angeles op senger Terrass an observéiert seng Noperen, déi Torse nu mat de Papageie schwätzen, entre autre.

Iergendwann daucht, wéi aus engem Film, eng wonnerschéi jonk Fra beim Pool op, Hond inklusiv, déi him komplett de Kapp verdréit. No engem kuerze frëndschaftleche Stelldichein huet hie wëlles, d'Fra den Dag drop erëmzegesinn. Mee nu kuck, iwwer d'Nuecht ass hiert Appartement komplett ausgeraumt a si ass fort. Dem Garfield säi Personnage geet op d'Missioun fir d'Fra erëmzefannen. Datt hien dobäi an d'Bas-fondse vun Hollywood an ëmmer méi déif an de Conspiratiounssompf andaucht, kritt hie guer net mat.

Collage vu Pastiche-Filmzitater

Zwou Stonnen zwanzeg hëlt sech de Mitchell Zäit, fir déi post-modern Pasticheperipele vu sengem Personnage op den Ecran ze bréngen. Hien trëfft am Laf vum Film Hollywood-Starlets oder Möchte-Gern-Starlets, Esofaschisten a Verschwörungstheoretiker, Weirdoen an esou weider. Wat déi dann ënnerteneen aushandelen, ass esou vag an dënn, wéi dat ganz Gerüst, op deem de Film steet.

De Film hält sech formell nämlech aus Dosenden, wann net Honnerte vu Pastiche-Filmzitater zesummen. Vun Hitchcock, iwwer Brian de Palma, iwwer Marilyn Monroe an an an. Alles gëtt iergendwéi zitéiert. Heiansdo am Wuert, meeschtens awer am Bild. Heiansdo iwwer Pousteren an enger Stuff, meeschtens awer iwwer dem Mitchell seng zum Deel furios Mise en scène.

Chaotesch an net onproblematesch

"Under the Silver Lake" ass e Film, an deem et ëm Alles an Näischt geet. D'Vacuitéit vun Hollywood war déi lescht Joren ëmmer nees Thema vu Filmer. "The Bling Ring" vum Coppola oder "The Neon Demon" vum Winding Refn. Mee wéi iwwer Vacuitéit schwätzen, ouni datt de Film selwer eidel ass? An ass dat iwwerhaapt méiglech? Zu MeeToo-Zäiten - wann een dat esou soe kann, ass de Film natierlech och net onambigu. De Mitchell mécht sech selwer d'Liewen och net einfach a kloer. Et geet vill ëm Male Gaze, behandelt dat awer duerch d'Lupp vun der cinephiler Referenz an heiansdo ass d'Distanz, eng ironesch Distanz, net genuch ze differenzéieren. Et geet och ëm toxesch Maskulinitéit, virun allem an der kultur-kapitalistescher Nerdkultur, iwwer déi sech Männer zum Deel hir komplett Identitéiten opbauen.

"Under the Silver Lake" deet och vun der Stëmmung u Lynch a Pynchon denken. Nujee. Wéi gesot un alles. Et ass e chaoteschen, net onproblemateschen, vill ze laange Film, deen a senger Derive e Sog opbaut, wéi wéineg Filmer vu jonke gehyptene Realisateuren aus den USA. Wie sech traut, ka sech jo an de Kino woen. Roserei a Frust muss een heiansdo a Kaf huelen.