Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Helado Negro - Best For You And Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vaudeville iwwer Stress, Burn Out, Chômage an Delokalisatioun

Theater

Vaudeville iwwer Stress, Burn Out, Chômage an Delokalisatioun

Stress, Burn Out, Delokalisatioun a Suicide sinn dacks Deel vun der Aarbechtswelt. Theaterstéck "Cassé" vum Remi de Vos verschafft dës Themen op eng ganz humorvoll Manéier. De Publikum gëtt sech awer och där schroer Situatioun bewosst. Eng geckeg Komedie mat Fong.

auto_stories

4 min

Dem Rémi De Vos säi Stéck "Cassé" ka wuel net méi aktuell sinn. Et brauch een nëmmen a Frankräich ze kucken, wou den zweeten Tour vun de Presidentielle virun der Dier steet. E Sujet am Theaterstéck ass d'Delokalisatioun vu Betriber an de Verloscht vun Aarbechtsplazen. Och de Suicide op der Aarbechtsplaz ass omnipresent. Et geet Rieds vun enger Mëttelschicht, déi hir Plaz net méi fënnt an enger Gesellschaft, déi nach just op d'Kapital schafft.

Am Moment géif een nëmmen nach dovunner héieren, wann ee de Radio umécht, seet d'Regisseurin Myriam Muller. Vum Marine Le Pen a vum Emmanuel Macron. "Ech wëll elo net iwwer Politik schwätzen, mee et ass awer voll an der Thematik."

Total Komedie

Et ass flott, datt d'Stéck eng "total Komedie" ass, seet d'Myriam Muller. A "Cassé" geet et ëm Betriber an deenen d’Mënsche wéi Material behandelt ginn. Wa se net méi gebraucht ginn, da komme se fort. An dat Ganzt leeft ënnert dem Deckmäntelchen vun der Restrukturatioun. A wat geschitt? Deen ee packt et, deen aneren net. Deen ee kritt e Burn out, een aneren hëlt sech d’Liewen. Dat gesäit och d'Myriam Muller esou.

Wat flott ass, "dat ass, datt et op enger total witzeger, also carrement komödiantescher, geckeger Aart a Weis traitéiert gëtt. Well et si jo richteg eescht Themen. An ech fannen et einfach flott fir eng Komedie dorausser ze maachen, fir och kënnen iwwert di grouss Problemer ze laachen."

Iwwert d'Laache kéint een nämlech di grouss Problemer un d'Leit erun droen, mengt d'Myriam Muller. Si wollt dëst Joer eng Saison iwwer sozial a politesch Theme maachen. "Mee et huet mir awer och eng richteg Komedie gefehlt. An du sinn ech op den Text gestouss. Dat war einfach esou flott: En Text fir aacht Schauspiller, deen ebe vun engem ganz eeschten Thema handelt, mee wou d'Leit awer och kënnen driwwer laachen. An dat heescht net, datt een net dono kann nodenken."

Aarbecht déi "e bësse geckeg mécht"

Een, dee sech op senger Aarbecht net gutt fillt, sech beklot oder sech erniddregt fillt. Dat gehéiert hautdesdaags bal zum Aarbechtsalldag. Hëllefen, jo. Mee wéi? Wann een net goe wëllt, da gëtt een entlooss. Dat ass och beim Rémi de Vos senge Personnagen de Fall, seet d'Myriam Muller. Hei geet Rieds vun engem Dokter, deen iwwerschafft ass an e Burn out kritt. Eng Fra, déi hir Aarbecht duerch d'Delokalisatioun vun der Firma an Ungarn verléiert. An e Syndikalist, dee keng Aarbecht fënnt well en iwwerqualifizéiert ass. "Dat heescht, et huet een duerch all déi aacht Personnage bësse sou ee Bild vun enger Gesellschaft, vun enger Mëttelklass, wou d'Aarbecht d'Leit e bësse geckeg mécht."

An dat gëtt an dësem Vaudeville, an dëser Farce, duergestallt. D'Stéck wier um Schluss och net méi realistesch, mee total geckeg, seet d'Myriam Muller.

"Et geet vun engem realistesche Constat aus fir an déi Geckegkeet ze kommen. Di Geckegkeet huet och eng Déift an deem Sënn. Ech fannen, datt mir an eiser Zäit all iwwerbeschäftegt sinn. Et huet keen Zäit, d'Leit lafe vu riets no lénks wéi Pouleten, deenen een de Kapp ofgeschnidde huet. Um Schluss vum Dag freet ee sech: mee wat hunn ech dann elo gemaach? Et ass e bëssen all dat, wat d'Stéck erzielt."

Et wier schwéier eng gutt Komedie ze fannen, déi och e Fong hätt, esou nach d'Myriam Muller. "Cassé" kann de Leit an deem Sënn och eventuell hëllefe fir nees méi Rou ze fanne, well d'Stéck esou iwwerdréit ass.

Distanz

D'Stéck gëtt vun aacht Schauspiller op der klenger an heemlecher Bühn vum Théâtre du Centaure opgefouert. Et wier ëmmer eng Erausfuerderung fir all d'Leit zesummen ze kréien, mengt d'Regisseurin. De Sall hätt awer eppes Magesches.

"Et ass einfach e Sall dee mikroskopesch kleng ass an awer eng gewëssen Distanz erlaabt. Dat si vläicht déi Steng. Awer och well eng Héicht dran ass, well mir dee klenge Balcon hunn. Dat mécht, datt et vläicht awer méi otemt wéi ee mengt."