Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Men I Trust - Say, Can You Hear

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Monsteren, Dichteren an Dreckstippen

Nei am Kino

Vu Monsteren, Dichteren an Dreckstippen

An där éischter Woch vun 2017 lafen dräi nei Filmer an de Lëtzebuerger Kinoen un. Eng Adaptatioun vun engem Kannerbuch, ee Biopic an een Documentaire. Hei ass alles, wat ee muss wëssen.

auto_stories

3 min

Film Nummer eent: "A Monster Calls"

Eng Adaptatioun vum Patrick Ness sengem Kannerbuch vum Realisateur Juan Antonia Bayona. D'Dréibuch ass vum Auteur selwer. Et geet ëm de jonke Conor, dee lues awer sécher d'Schlappe verléiert. Seng Mamm läit schwéier krank am Spidol, seng Boma ass ausseruerdentlech kal mat him an an der Schoul gëtt hie vu Matschüler gestriizt.

Bei sou vill Misère hëlleft nëmmen nach, sech a seng eege perséinlech Fantasiewelt ze stierzen. Am Conor sengem Fall geschitt dat a Form vun engem Rise-Monster mat der Stëmm vum Liam Neeson. Deen huet an dësem Film e "particular set of skills", déi de Bouf duerch seng schwiereg Zäit bréngt.

D'Buch gouf vun der Siobhan Dowd ugefaangen. Wéi si dunn awer un Kriibs gestuerwen ass, huet de Patrick Ness dat literarescht Zepter iwwerholl. De Lewis McDougall, deen d'lescht Joer am Joe Wright sengem Flop "Pan" eng Roll hat, gouf fir "A Monster Calls" aus engem laangwierege Castingprozess aus ronn 1.000 Jongen erausgesicht. De Liam Neeson léint fir dëse Film eng drëtte Kéier seng Stëmm.

Soss nach mat dobäi: d'Felicity Jones, aktuell am "Rogue One", Star Wars Spinn Off Film, ze gesinn, an d'Sigourney Weaver. Et ass wuel besser, d'Schnappecher net ze wäit ewech ze hale fir dëse Film.

Film Nummer zwee: "Neruda"

Datt den chilenesche Realisateur Pablo Larrain ausgelaascht ass, dierft eng Ënnerdreiwung sinn: D'Lescht Joer "El Club" an e puer Wochen e Film iwwert d'Jackie O an dertëscht eng Art Biopic iwwert de Pablo Neruda.

Oder op d'mannst de Fokus op enger spannender Phase aus dem Liewe vum Dichter. Kuerz nom Zweete Weltkrich muss hie sech zesumme mat senger Fra verstoppen, well d'Regierung him seng kommunistesch Sympathien net all ze gutt hëlt. De Gael Garcia Bernal, dee scho virun e puer Joer am Larrain-Film "No" matgespillt huet, gëtt als Kommissär op den Neruda gesat, an hei am Film noir Stil erëmzefannen. E Kaz a Maus Spill ass domadder lassgetrëppelt.

Zum Deel faktuell, zum Deel mam Esprit fantastique spillt de Larrain scheinbar mat de Codë vum Noir a vum Biopic, a léisst eng spannend Zäit opliewen, an där den Neruda säi "Canto General" geschriwwen huet, säi poetescht Wierk aus iwwer 15.000 Versen.

Film Nummer dräi: "Les pépites".

Den Documentaire vum Xavier de Lauzanne retracéiert d'Geschicht vun enger franséischer Koppel, déi virun eppes méi wéi 20 Joer op Phnom-Penh an d'Vakanz gefuer sinn. Si ginn do Zeie vun engem Dreckstipp, op deem Kanner liewen a versichen e Su ze verdéngen. Aus engem scheinbare Reflex, dee wäit iwwer eng westlech humanistesch Selbstberäucherung erausgeet, entscheet dës Koppel de Kanner ze hëllefen.

20 Joer méi spéit hu si an dësem Land mat enger mouvementéierter Geschicht iwwer 10.000 Kanner eng anstänneg Zukunft erméiglecht. Dat kann immens touchant ginn, riskéiert awer och moralesch bedenklech auszefalen. De Realisateur de Lauzanne kritt a Kritiken ëmmer nees e Manktem un Distanz zu senge Protagoniste virgehäit. Mol kucken.