Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi den James Joyce d'Rouseland Lëtzebuerg besicht hat

Literatur

Wéi den James Joyce d'Rouseland Lëtzebuerg besicht hat

Am August 1934 war den Auteur vu "Ulysses" fir eng Woch hei am Land. Eng Ausstellung an der Nationalbibliothéik zeechent dem groussen iresche Schrëftsteller säin Openthalt deemools no.

auto_stories

2 min

"This is a lovely rose-growing part of dirty old Europe". Dëst Zitat aus dem Joyce senger Korrespondenz gëtt der Expo an der BNL hiren Titel. Den iresche Schrëftsteller hat vu Lëtzebuerg sécherlech eng besser Meenung wéi, zum Beispill, den Amerikaner Henry Miller. Dee war d'Joer virdrun, also 1933, hei am Land. Dem Miller seng net grad positiv Andréck liest een an deem sengem Roman "Quiet days in Clichy" no.

Den James Joyce an den Henry Miller haten op d'mannst eppes gemeinsam. Alle béid goufen se - wéinst dem sexuell explizitte Contenu vun hire Bicher - als Skandalauteuren ugesinn. An den USA war dem Miller säin "Tropic of Cancer" iwwer 30 Joer laang verbueden, a vun 1921 bis 1934 war dem prüden amerikanesche Public dem Joyce säin epescht Wierk "Ulysses" net zouzemudden - wéinst enger Masturbatiounszeen.

"Must leave this pretty but all-too-humid spa for drier Luxembourg"

Nëmmen eng Woch nodeems dee Verbuet ee fir alle mol vun engem amerikanesche Riichter opgehuewe gi war, hat den James Joyce sech am Grand Hotel Brasseur an der Stad Lëtzebuerg aquartéiert fir sech, zesumme mat senger Fra Nora, vun deem ganze Stress z'erhuelen. Jo, deemools scho war Lëtzebuerg eng nawell priséiert Touristendestinatioun, fir den Joyce eng dréchen Ofwiesslung géigeniwwer dem flotte mee fiichte Spa an de belschen Ardennen.

Den Openthalt hei am Land vum groussen iresche Schrëftsteller ass dokumentéiert duerch Telegrammen Postkaarten an eng Korrespondenz, déi hien op Bréifpabeier vum Grand Hotel Brasseur verfaasst hat. D'Empfänger ware Frënn oder Verleeër, mat deenen hien natierlech d'Peripetien ëm d'Zensur vu sengem "Ulysses" a soss geplangte Publikatioune beschwat hat.

Aneren Thema: de Gesondheetszoustand vu senger Duechter Lucia: beim Meedche war zwee Joer virdru Schizophrenie diagnostizéiert ginn, elo war si am schwäizereschen Nyon an enger Kuer.

Radio Luxembourg an Joyce-Receptioun zu Lëtzebuerg

Iwwer eng gemittlech Touristendestinatioun eraus war Lëtzebuerg fir den James Joyce och als Sëtz vu Radio Luxembourg vu Bedeitung: zënter 1932 war de Sender a Groussbritannien an Irland ze héieren. Ënnert anerem waren dem Joyce sengem Bouf George seng net ganz erfollegräich Ufäng als Operesänger op där Antenn diffuséiert ginn, ier dee säi Gléck bei der BBC versicht hat.

De leschten Deel vun der - vum Gast Mannes kuratéierter - Ausstellung an der Nationalbibliothéik befaasst sech mat der Receptioun vum Joyce sengem Wierk an der Lëtzebuerger Press vun deemools. Des weidere gëtt nogezeechent, wéi sech d'Aline Mayrisch fir de jonke franséische Kritiker Armand Petitjean agesat hat. Deem säin Essai iwwer dem Joyce säi Wierk war awer ni verëffentlecht ginn.