Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - The Turning Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien huet Angscht viru kënschtlescher Intelligenz?

Digital Konscht

Wien huet Angscht viru kënschtlescher Intelligenz?

Maschinnen huelen ëmmer méi eng wichteg Roll an eisem Liewen an. Ass dat ee Grond fir beonrouegt ze sinn? Stellt artificiell Intelligenz eng reell Gefor duer? Mat dëse Froe gouf sech beim Festival fir digital Konscht "Multiplica" beschäftegt.

auto_stories

5 min

"Ech hu schonn e bëssen Angscht", seet de François Schwamborn. "Wann een d'Roboteren hautdesdaags kuckt, déi kann een nach einfach ëmgeheien. Mee wie weess ... Vläicht an 10 Joer?" Den däitsche Kënschtler ass den Auteur vu Feedback. Eng interaktiv Installatioun iwwer dem Bar am Klub vun de Rotonden. Iwwer Buzzere kënnen d'Leit organesch Strukturen um groussen Ecran wuesse loossen.

Maschinnen ouni Gefiller

Dem François Schwamborn seng Angscht virun artificieller Intelligenz deelt de Maurizio Fusillo net. Dem italienesche Programmateur seng Installatioun Overflow gëtt am Ausstellungs-Espace vum selwechte Raum gewisen. Hie wier mat Computeren opgewuess a géif d’Limitte vun de Maschinne kennen. "Wa Maschinne sollten ee Selbstbewosstsinn entwéckelen, wäerte si eis einfach iwwerhaapt net considéréieren. Si wäerte keng Form vu Gefiller entwéckelen. Dat ass d’Stäerkt vun de Maschinnen, datt si keng Gefiller hunn."

Och de finnesch-spuenesche Kënschtler Abe Pazos zweiwelt drun, datt Maschinne kéinte béis ginn. Awer hie gëtt ze bedenken, datt mir hinnen ëmmer méi Muecht ginn. Zum Beispill wäerten et geschwënn Autoe ginn, déi selwer fueren. "Ech weess net, ob dat kënschtlech Intelligenz ass. Mä mir wäerten eist Liewe vun dëse Maschinnen ofhängeg maachen. Dat kann engem schonn Angscht maachen. Net well d'Autoen décidéieren, datt si eis all wëllen ëmbréngen. Mee et kéint ee se hacken. Oder si kéinten zum Beispill Bugs hunn."

D'Gefor läit dem Abe Pazos senger Meenung no also manner bei de Maschinne selwer. Mee méi beim Mënsch. Ouni sech selwer als Aktivist ze bezeechnen, beschäftegt hie sech mat Sujete wéi dem Schutz vun der Privatsphär oder der Muecht, déi grouss Entreprisen iwwer d'Notzer vun Technologie hunn.

Wann d'Technologie zur Magie gëtt

Och wann den Abe Pazos keng Angscht viru kënschtlecher Intelligenz huet, mécht dach eppes him um séiere Fortschrëtt vun den Technologië Suergen: Wann d’Technologie magesch gëtt. Wéi hien e Kand gewiescht wier, hätt een ee Computer kéinten opmaachen an déi eenzel Komponenten identifizéieren. Awer d'Elementer géifen ëmmer méi kleng ginn. Een iPhone kéint een zwar opmaachen, awer do wiere vill Deeler dran, vun deenen een net weess wat se sinn, a wat se maachen. Och d'Software déi drop leeft wier ontransparent.

"Wann Technologie net méi vu Magie z’ënnerscheeden ass, bedeit dat, datt mir ëmmer méi Saache benotzen, déi mir net verstinn," erkläert hien. Dat géif ufänken hien mech ze beonrouegen. "Doduerch, datt Maschinne kënne léieren, entsti Prozesser, déi kee versteet. Et weess een ni genee, wéi de Computer zu enger Léisung kënnt. Et gëtt ee vill Informatiounen an an de Computer rechent vill. Mee dee ganze Prozess ass schwéier nozevollzéien. Ech gesi mech selwer als Software-Expert. An déi gëtt sou komplex a sou staark ... Wat ass, wann ech et mol net méi verstinn? Wie wäert et dann nach verstoen?"

Selwer gebraute Software

Am Kader vu Multiplica huet den Abe Pazos eng interaktiv Skulptur op engem Ecran gewisen, op déi d'Visiteure sech mat hirem Smartphone konnte connectéieren. Duerch Entscheedungen, déi d'User hu missen treffen, ass d'Skulptur gewuess. Déi ganz Installatioun kënnt aus der Fieder vum Kënschtler selwer.

D'Skulptur um Ecran wiisst duerch d'Entscheedungen, déi d'Visiteuren op hirem Smartphone treffen.

Och wann d'Spectateure beim Festival keen direkten Abléck an d'Software kruten, war déi een net onwichtegen Deel vun de Kreatiounen. Wéi zum Beispill beim Danz-Spektakel Hakanaï vun der Compagnie Adrien M & Claire B. Eng Dänzerin ass an engem Cube opgetrueden. Op d'Säitewänn goufe Biller projezéiert. D'Software, fir dës Biller ze kreéieren, kënnt vum Grënner vun der Compagnie, dem Adrien Mondot, erkläert d’Produzentin Joanna Rieussec. Deen ass nämlech am Fong Computer-Ingenieur. "Hien huet fir d’éischt d’Software geschriwwen, fir dës Biller z’erméiglechen. Dat war u sech den Ufank vun der Compagnie. A vu senger Art a Weis fir dëse visuellen Universum ze schafen. Hannert dem Spektakel stécht also selwer geschriwwe Software. Well et einfach soss näischt gouf, wat deem entsprach huet, wat si gebraucht hunn."

Op de Schëllere vum Ris

De Maurizio Fusillo nuancéiert dat mat der selwer geschriwwener Software allerdéngs e bëssen. Soubal ee géif ufänke Code ze schreiwen, géif een op de Schëllere vun engem Ris sëtzen. "Et gëtt zum Beispill een, deen d’Programméiersprooch geschaf huet, déi s du benotz. Also soubal s du ufänks mat programméieren ass et ee kollaborative Prozess. Och wann s du eleng bass. Du baus ëmmer eppes op eppes anescht op, wat schonn existéiert."

Awer nach laang net alleguer d’Participante bei Multiplica ware Software-Entwéckler. De Lëtzebuerger Steve Gerges huet de Spektakel "Rise of the Machines" konzipéiert. Eng Luuchte-Choreographie. Hie gesäit sech éischter als eng Zort Regisseur, dee mat Spezialisten aus verschiddene Beräicher zesumme schafft. Wat d'Software ubelaangt, geet et him éischter drëm, existent Programmer anescht ze benotzen, wéi se am Fong geduecht sinn.