Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Delphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiesenzeit

Buchkritik

Wiesenzeit

Kandheet dobaussen, ouni Ecran a Fräizäitstress - wéi fréier: Dat ass den Ophänker am Lothar Quinkenstein senger Erzielung "Wiesenzeit", déi rezent bei Knischetzky vum Röhrig Universitätsverlag erauskoum.

auto_stories

3 min

"Wiesenzeit" - d'Erzielung vum Lothar Quinkenstein hëlt eis mat dohin, op d'Wiss, op d'Gewan, an de Summer 1977 - dat wësse mer awer eréischt spéit, well et dee Summer ass, an deem de Jürgen Ponto vun der RAF ëmbruecht gëtt.

Eng onbekëmmert Kandheet

Mir gesinn de Summer 1977 duerch d'Ae vun engem Bouf, deem seng Kandheet hei erzielt gëtt, esou wéi se war: roueg, gemälleg, onspektakulär, a virun allem analog. Ouni Ecran - bis op déi puer Momenter, wou hie bei sengem Kolleeg doheem mol dierf e Winnetou matkucken op der Flimmerkëscht.

Fir de Rescht: Rendez-vous mëttes um zwou beim schife Bam. Fir Aventurë vun all Zort, ob mat heemlech bei der Boma gezopptem Fixfeier, engem selwerfabrizéierte Floss fir op der Bach ze klunschen, an natierlech bis op de Kalzong naass heemzekommen, bis bei déi mat Hëllef vum eeleren Nopeschjong gezëmmerte Seefekëscht - de Lothar Quinkenstein zeechent a "Wiesenzeit" eng onbekëmmert Kandheet, wéi déi vun eis, déi um Land opgewuess sinn, se warscheinlech relativ änlech erlieft hunn.

"Gelegentlich musste auch ich Unkraut jäten in den Beeten, dafür bekam ich ein paar Groschen, für die ich mir im Lädchen von Michaels Tante ein Eis Brauner Bär kaufte. Doch selbst die etwas energischere Aufforderung, sich im Garten nützlich zu machen, wog noch immer um ein Vielfaches leichter als der Satz, der samstägliche Ausflüge auf die Prärie oder an den Klondike unmöglich machte: Ich muss mei'm Vadder helfe schaffe.

Dann streifte ich allein über die Wiese, mit meinem selbst gemachten Flitzebogen, dem Pfeilköcher, den ich aus einer Pappröhre gebastelt und mit Vogelfedern verziert hatte, hörte von hier das Kreischen einer Säge, von dort das Schnurren einer Bohrmaschine, hörte die aufsteigenden Tonleitern der Hammerschläge, die Nägel in die Verschalungsbretter trieben."

Kandheetserënnerungen

Dëse Passage huet a menger Erënnerung effektiv d'Geräischkuliss vu fréier opliewe gelooss, an et geléngt dem Lothar Quinkenstein op munch anere Plaze Biller an Erënnerunge vu fréier beim Lieser opkommen ze loossen.

Ech hunn zum Beispill un de Feldwee geduecht, op deem mer als Kanner ëmmer eis heemlech Stoppen ugeluecht hunn, an de Summervakanzen, déi gefillt onendlech waren, an dee Moment och dru geduecht, wéi enttäuscht mer waren, wéi aus "eisem Feldwee" op eemol de Chantier fir déi zukünfteg "Rue des champs" gouf.

"Das Brachland an der Bach verwandelte sich in eine Baustelle. Vorne, gleich bei der Brücke, wurde eine kleinere Grube ausgehoben, weiter hinten, zur Kuhweide hin, wo wir Rälli gefahren waren über die mit Unkraut bewachsenen Erdbuckel, wurde ein grosses Areal abgesteckt und ausgeschachtet: Betreten verboten. Eltern haften für ihre Kinder.

Misstrauisch beobachteten wir, was dort vor sich ging. Sahen, wie die Böschungen zu beiden Seiten der Bach gerodet wurden. Sahen alles, was uns so viele Male den Heimweg so herrlich in die Länge gezogen hatte - löchrige Eimer, rostige Töpfe, Zuber und Kanister, Autoreifen, Fahrradfelgen, Mofaschutzbleche - auf einem Haufen landen und verschwinden. Ein Wort machte die Runde: Mehrzweckhalle."

Eng authentesch Erzielung

De Lothar Quinkenstein, Literaturwëssenschaftler, Auteur an Iwwersetzer, huet seng Kandheet am Saarland verbruecht. Dat mierkt een och un der Sprooch, ëmmer nees léisst hie saarlännesch Ausdréck afléissen, wat säi Buch nieft senge Beschreiwungen authentesch an éierlech klenge léisst.

Hien huet zesumme mat der Lisa Palmes d'Opus Magnum vun der Literaturnobelpräislaureatin Olga Tokarczuk "Die Jakobsbücher" iwwersat an nieft Prosa och Lyrik geschriwwen.

"Wiesenzeit" ass eng ideal Erzielung fir dëse Moment, awer och fir soss, wann ee sech mol nees freet, wou iwwerhaapt déi Nomëtteger ouni Enn dobaussen hikoumen, déi een als Kand esou genoss huet, a wärend deenen een net permanent vun engem Ping-toun aus sengem Gedankennohänke gerappt gouf.

Wie Loscht huet mol nees an déi onbeschwéiert, zäitlech immens fräi Gesënnung vun engem Kand um Duerf anzedauchen, sollt dem Lothar Quinkenstein säi "Wiesenzeit" liesen, a genéissen.