Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zärtliche Klagen oder op franséisch Tendres plaintes ...

Yoko Ogawa - Zärtliche Klagen

Zärtliche Klagen oder op franséisch Tendres plaintes ...

Wat ass Gléck a wéi hält een esou Momenter fest? Ass d'Gléck an engem Stéck Musek, an enger Beréierung, am Gesang vun de Villercher ze fannen? An hirem Roman "Zärtliche Klagen" verzaubert déi japanesch Schrëftstellerin Yoko Ogawa mat Intensitéit an Douceheet a rutscht just laanscht de Kitsch. D'Valerija Berdi stellt dëst interessant Wierk am Kader vun der Emissioun "Een Thema - e Buch" vir.

auto_stories

4 min

D'Passioun, Jalousie an den Cembalo sinn d'Essenz vun der Yoko Ogawa hirem - trotz allem - onwahrscheinlech doucem Roman. "Zärtliche Klagen" ass net just den Titel, mee och d'Klangbild vun der Geschicht vun der Ruriko, dem Nitta an der Kouro.

D'Ruriko flücht virun hirem Mann, deen net nëmme schonn zanter Joren eng Affär mat enger anerer Fra huet, mee och ëmmer méi dacks gären draschléit. Si sicht am Weekendhaus vun hiren Elteren, dat scho laang verlooss ass, Rou fir nozedenken an hirem Beruff nozegoen. Ruriko ass Kalligraphin a grad am Gaangen d'Liewensgeschicht vun enger aler englescher Lady a Kalligraphie-Schrëft ze iwwerdroen.

Eng nei Welt

An hirem Refuge léiert si de Cembalo-Bauer Nitta an deem seng Assistentin Kouro kennen ...

Et ass den Ufank vun enger Dräiecksgeschicht, mee hei sinn net oppe Gefiller oder offensichtlech Sexualitéit, déi am Mëttelpunkt stinn, mee reng Subtilitéit ...

Ruriko entdeckt hei eng nei Welt. Si, déi sech mat engem Aendokter bestuet huet, dat stressegt Liewen zu Tokio gewinnt ass, weist sech als eng verluere Fra, déi probéiert, hirem äiskale Mann alles perfekt ze maachen. Him ze kachen, hien ze verwinnen, seng Gewalt auszehalen, nuechtelaang op hien ze waarden, ouni Froen ze stellen ...

"In dieser Nacht rief ich zu Hause an. Nicht, weil ich mich nach meinem Mann sehnte. Vielmehr wollte ich mir den Grund ins Gedächtnis rufen, weshalb ich mich an einem Ort verstecken musste, der weit weg von ihm entfernt war. Um mich an all die Stunden zu erinnern, in denen er mich kalt und grausam behandelt hatte. Und um mich davon zu überzeugen, dass ich in freier Entscheidung so lange hier bleiben konnte, wie es mir beliebte."

An hirem neien Doheem, wou si am Fong geholl just e puer Deeg wollt bleiwen, léiert si sech selwer kennen, hir Gefiller zouloossen, sech selwer gären hunn.

Gewalt an en Cembalo

Mee och dës Entwécklung ass immens subtil beschriwwen, et geschitt näischt an et geschitt esou vill. D'Lieserin oder de Lieser wandere mat der Ruriko duerch Bëscher, léieren déi aner zwee Protagoniste lues a lues kennen, staunen iwwer der Ruriko hir Emanzipatioun, déi iwwerraschend Zich unhëlt, déi eng onmoosseg Kraaft a mat Momenter och Gewalt a ganz verschiddene Formen a sech droen.

Déi Gewalt manifestéiert sech a reellen Zeenen, eben, wann d'Ruriko un d'Liewe mat hirem Mann zeréck denkt, awer och a ganz onerwaarte Momenter, wou d'Ruriko iwwerleet, ob wéi eng Manéier si dem Nitto säin Hond kéint ëmbréngen, eng Dot, déi si dem Cembalobauer virdrun ugedrot huet, falls hie si eleng léisst. An dann de Museker, dee säin Cembalo zerstéiert. Seelen ass Gewalt mat esou vill Douceheet beschriwwe ginn.

"Ich stellte den Picknickkorb neben eine Lärche am Anfang des Pfads und lehnte mich an ihren Stamm. Näher traute ich mich nicht heran. Nitta griff die Axt, die neben ihm lag, holte aus und schlug auf das Cembalo ein. Es war nur ein kurzer Augenblick, aber als sich das Bild auf meiner Netzhaut einprägte, schien sich die Zeit zu krümmen. Ich erinnerte mich, wie ich zum ersten Mal das mit Instrumenten vollgestellte Wohnzimmer betrat; Kaoru, die "Les tendres plaintes" auf dem Manual spielte; das verstummte Cembalo, das uns beide still beobachtete in jener bedeutungsvollen Nacht - all diese Erinnerungen ließen sich nicht in Einklang bringen mit der Szene, die sich vor meinen Augen abspielte."

Spillt hei d'Geschicht iwwerhaapt eng Roll? Sécherlech, sou wéi d'Sprooch se spillt an awer sinn déi eenzel Evenementer an Entwécklunge grad esou wéi d'Wierder iergendwéi niewesächlech. Et kéint een am Fong geholl scho bal vu Kitsch schwätzen, wat natierlech och un der Iwwersetzung leie kann, mee dat hëlt ee gären a Kaf, well tëschent den Zeilen, tëschent der Ruriko hire Gedanken an Erliefnesser ass eben de Cembalo, deen ee begleet, an dësem Roman eng beréierend an déifgräifend Musikalitéit gëtt.

"Der Klang des Cembalos drang in die Tiefen meines Herzens vor. Langsam füllte er jene Finsternis, wo weder Licht noch Sprache hingelangten. Ohne sich wieder zu verflüchtigen. Er blieb dort bis in alle Ewigkeit."