Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ To the bone

Nei Emissioun

To the bone

auto_stories

4 min

Anne Galowich

Man nehme: ee bekannt Wierk, plus Schëppchen a Biischt. An da lass: Stéck fir Stéck gëtt d'Wierk vum Stëbs vun der Zäit befreit, bis et rank a schlank do steet.

D'Anne Galowich placéiert d'Kompositioun historesch, geographesch a virun allem frësch ofgespeckt an hiren urspréngleche Kontext. Fir datt och alles däitlech ass, ginn déi wichtegst Melodien a musikalesch Bausteng vum Wierk direkt um Clavecin virgespillt. Eng ganz nei Manéier, fir Musek um radio 100,7 z'entdecken!

Fir dës éischt Episode vun "To the bone" huet d'Anne Galowich, Claveciniste pur sang, Wierker aus der Barock-Zäit ausgewielt. Gespillt gi Melodien, déi d’Welt vum Pop weiderhi beaflossen.

Gespréich mam Anne Galowich

Wou kënnt Är Faszinatioun fir de Clavecin hier?

Ech fannen éischtens mol, datt ee Clavecin optesch schéin an e phantasteschen Objet ass. Och vun der Technik hier ass et an där enger Hisiicht esou einfach an op där anerer Säit onheemlech subtil. All Parameter un engem Clavecin muss stëmmen an duerchduecht sinn. Dat faszinéiert mech.

D'Clavecine sinn och alleguer verschidden. Et gi grousser a klenger, an dat wëll net heeschen, datt dee klenge Clavecin manner gutt ass, wéi dee groussen. Et ass einfach de geographeschen an historesche Kontext, deen diktéiert huet, wéi eng Instrumenter grad gebaut gi sinn. Dat ass ëmmer nees spannend. Awer ech fannen och de Piano e ganz schéint Instrument, j’insiste! Donieft ass et einfach de Repertoire, deen dëst Instrument fir mech sou besonnesch mécht. Et ass ee vun deene gréisste Repertoiren iwwerhaapt.

Als Laien associéiert een direkt mol de Barock-Repertoire mam Clavecin. Wat gouf rezent u Relevantem fir d’Instrument geschriwwen?

An där éischter Halschent vum 20. Joerhonnert gouf vill geschriwwen, well d'Wanda Landowska sech ganz staark fir d’Instrument agesat huet. Souwuel de Francis Poulenc, wéi de Manuel de Falla hu Concerti fir d'Wanda Landowska geschriwwen. Et ginn awer nach ganz aner Wierker, déi wierklech phantastesch sinn. Et gëtt een immense Concerto vum Frank Martin, et gëtt schéi Musek vum Jean Françaix, an och Komponisten, wéi de György Ligeti oder François-Bernard Mâche hu gutt Saache geschriwwen. Et gëtt wierklech vill Literatur aus dem 20. Joerhonnert, déi ech perséinlech immens interessant fannen. Ech géif der gär méi spillen.

"To The Bone" gëtt zum Deel bei Iech doheem produzéiert. Wat ass de Grond dofir?

Et ass einfach: Ech wier ganz gären op de radio 100,7 ophuele komm, mee et ass leider kee Clavecin do. Wann den Ochs net bei de Bierg geet, da muss de Bierg alt bei den Ochs. Oder war et ëmgedréint? Ech mengen awer och, datt déi Instrumenter an hirem Kontext, wa si doheem opgestallt sinn, am beschte kléngen.

Bei den Opname vun "To the bone"

Lauschtert och den Interview, deen de Guy Engels mam Anne Galowich an der Emissioun Resonanzen realiséiert huet.

Klassik aktuellplay_arrow


De Programm vum Januar

4.1. Adagio d-moll BWV 974

Hannert dëser ominéiser Ofkierzung verstoppt sech eng Pärel vu seelener Schéinheet: dem Johann Sebastian Bach seng Transkriptioun vum zweete Saz aus dem Alessandro Marcello sengem berühmte Concerto fir Hautbois a Sträicher. Firwat huet de Bach dës Transkriptioun gemaach? Wien huet se deemools gespillt, a virun allem: op wat fir engem Instrument? Dir wäert Iech wonneren.

11.1. Lascia ch'io pianga

Dës wonnerschéin Aria ass ee vun den Héichpunkte vum Georg Friedrich Händel senger Oper "Rinaldo". Den Händel huet dës Oper, déi e Risesuccès zu London hat, an nëmmen zwou Woche geschriwwen. Wéi ass esou eppes méiglech? Lauschtert an entdeckt, datt den Händel wuel genial, mee och äusserst gewëtzt an net grad zëmperlech war - time is cash, time is money.

18.1. Le quattro stagioni - L'inverno

Dës zu Recht berühmte Kompositioun vum Antonio Vivaldi ass e fréit Beispill vu sougenannter "Programmmusek": esou ee Stéck kléngt net nëmme schéin, mee stellt eppes ganz Konkretes duer. An dësem Fall ass dat de Wanter, mat Schnéi, Äis a pittoresken Detailer wéi d'Zänn, déi vu Keelt klabberen. Wat fir kompositoresch Tricke gebraucht de Vivaldi dofir, a wat kann een als Interpret maachen, fir dem Tounmoler seng Intentiounen optimal ëmzesetzen?

25.1. Goldberg-Variationen

Ee Meilestee vun der Museksgeschicht, de Summum, wat Kompositiounstechnik an Instrumentalkenntnis ugeet, bref: ee Monument. Onëmgänglech an ëmmer erëm faszinant. Mee wousst Dir, datt e Pop Lidd, wéi dem Bobby Womack säi "California dreamin'", dem Thomaskantor sengem Meeschterwierk formal ganz no steet?