Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech ginn an d'Militärmusek"

SOT EMOL

"Ech ginn an d'Militärmusek"

Mat 14-15 Joer hat den Ernie Hammes sech an de Kapp gesat an d'Militärmusek ze goen. Fir dat Zil ze erreechen huet hien och déi néideg Demarchë gemaach mat all de Coursen am Conservatoire an de Präisser déi e gebraucht huet.

auto_stories

3 min

D'Militärmusek war de Wonsch vum Ernie Hammes, mee ob dat och eppes gëtt dat ass eng aner Saach. Well virun allem muss emol eng Plaz fräi sinn an der Militärmusek.

"A mengem Fall ware mer effektiv zu 5-6 Kandidaten fir vir ze spillen a se hunn der zwee geholl. Dat heescht déi aner Véier wollten och an d'Militärmusek. Mee gutt, datt eben näischt ginn. Fir mech gouf et och just dat, do huet nach kee vun OPL geschwat, oder ech ginn op New York oder ech ginn internationale Solist. Fir mech war et ëmmer d'Militärmusek."

D'Stäerkt ass a war d'Villsäitegkeet

Ebe genee d'Villsäitegkeet huet de groussen Orchesterchef Maynard Ferguson beim Ernie Hammes betount. Den Ernie Hammes deen duerch seng Formatioun och an anerer Genrë wéi zum Beispill der Klassik doheem ass. An dat huet de Ferguson bei Concerten och agesat.

"En huet ëmmer all Owend e Medley gespillt, mat senge ganz groussen Hits, an iergendwann huet e gesot: Maach du och eppes Klassesches, do hu mer dat och mat agebaut an en huet sech all Kéiers freckt gelaacht, wann ech da mat mengem Zongeschlag ugefaangen hunn wat si jo am Fong net kennen."

Den Trompettist stoung mat ville grousse Museker op der Bün

Vill Leit denke beim Ernie Hammes just un déi Zesummenaarbecht mam Maynard Ferguson. Mee de Museker huet awer nach weider Erfarungen mat aneren Orchesteren, wou de Numm grad esou bedeitend war, gemaach.

"Dizzy Gillespie-Band natierlech ouni Dizzy, dee war do schonn eng Zäitchen dout, oder Duke Ellington, de Paul Anka zum Beispill, wat elo e ganz anerer Genre war, méi Pop-Swing oder Pop-Jazz. Déi Erfarungen ware genau sou flott, et ass ebe manner gewosst."

Dëst ënnersträicht dann och dem Ernie Hammes seng Denkweis:

"Net bei enger Band hänke bleiwen, ëmmer kucken fir virun ze kommen, fir Ofwiesslung ze hunn. Well ech wier elo kee gewiescht, och wann ech zu New York bliwwe wier no menge Studien, fir do, wann ech dann d'Chance hätt, an engem Musical ënner ze kommen, Cats oder wéi se all geheescht hunn. Fir do all Owend dee selwechten Musical, déi selwecht Nouten ze spillen. Dat war fir mech keng Alternativ."

En neien Album "Evolutioun" mat engem neie Volet

Den neien Album läit dem Ernie Hammes besonnesch um Häerz well en e bësse méi roueg ass, sou wéi hien selwer als Mënsch och méi roueg ginn ass, seet den Ernie Hammes. An dofir huet e sech fir dësem Album och vill Zäit gelooss.

"Den neie Volet ass datt ech e ganze Sträicherensembel mat bäigeholl hunn, fir dat Ganzt eben e bëssen erof ze kréien. An dat war schonn e klengen Challenge fir mech an dat ass Geschicht hannendrun."