Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Geschichten erzielen, Cellomusek an e Stéck Museksgeschicht

All Dag

Geschichten erzielen, Cellomusek an e Stéck Museksgeschicht

E Concert mat Cellomusek, dem Nic Klecker seng Passioun fir déi franséisch Sprooch, de gutt gemengte Schockela op der Aarbecht, Geschichte vu Seniore fir Kanner bis bei dem Giuseppe Verdi seng Oper "Nabucco".

auto_stories

3 min

Liesen an Erzielen: eng ganz wäertvoll Aktivitéit fir d'Senioren

Déi benevol Mataarbechter vum Projet "raconte-moi une histoire" verdreiwe sech hir Zäit aktuell ganz sënnvoll, andeems si hirer Passioun, dem Virliesen noginn. Dës Geschichte gi gedeelt a maachen dës Aktivitéit esou wäertvoll an der aktueller Situatioun.

Am Kader vun engem interkulturelle Projet, zesummen mat der Maison des associations, goufen eeler Leit gefrot, datt si de Kanner op hir Aart an Weis eng Geschicht verzielen. Theeme vun de Geschichte kënne sech déi 20 benevole Seniore selwer eraussichen, och de Choix vun der Sprooch. Dës kreativ Leit bidden hire Service och iwwer YouTube un.

Mat vill Fantasie a souguer selwer gebastelten Accessoirë ginn hei Videoen opgeholl an esou fir Jiddwereen zur Dispositioun gestallt vun der Maison des associations.

Lauschterenplay_arrow

Cellomusek fir ze deelen

D'Fondatioun EME huet fir hir "Concerts contre la Solitude" en nationalen Opruff lancéiert a ganz vill positive Retour kritt. Ganz ënnerschiddlech Museker hu fir si flott Videoe produzéiert. De "Concert géint d'Eleng sinn" vun haut ass mat der Cellistin Annemie Osborne.

Dir kënnt de Concert och online op www.fondation-eme.lu kucken a lauschteren oder um dräi Auer de Mëtteg op der Televisioun um apartTV, disponibel iwwer Eltrona an der Tëlee vun der Post.

Keng Naschelegkeete mat op d'Aarbecht

De gutt gemengte Schockela als Rescht vum Kleeschen oder Ouschterhues soll net mat bruecht ginn op d'Aarbecht, grad wéi all méiglecht Zockergebäck, deem déi Mannste widderstoe kënnen, dëst sinn Iess-Falen op der Aarbecht. Zesummen iesse jo, sollt awer geplangt ginn. Firwat net mol zum Beispill eemol de Mount e saisonale Buffet mëttes organiséieren, wou jiddwereen eppes matbréngt, proposéiert, d'Dieteticienne Céline Genson.

Lauschterenplay_arrow

Den Dichter a Mënscherechtler Nic Klecker

Fir d'Emisisoun Visittekaart aus eisen Archive proposéiere mir haut en Extrait aus engem Gespréich tëschent dem Schrëftsteller Jean Portante, deen den Dichter a Mënscherechtler Nic Klecker an de Studio invitéiert hat.

Den Nicolas Klecker, Joergang 1928, huet virun allem, mee net nëmmen op Franséisch geschriwwen. Firwat et dozou koum, datt hien iwwerhaapt ugefaangen huet mat Schreiwen a firwat hie sech och decidéiert huet an der franséischer Sprooch ze schreiwen, erzielt hien eis.

Dat ganzt Gespréich kënnt Dir nolauschteren an eiser Mediathéik op 100komma7.lu am 100,7-Archiv.

Lauschterenplay_arrow

Eng geheim Nationalhymne

De Komponist Guiseppe Verdi hat eigentlech d'Bengele beim d'Tromm gehäit a wollt keng Musek méi schreiwen. Mee duerch seng Oper "Nabucco", gouf de Verdi endlech international als dee beschten italieneschen Opere-Komponist gefeiert.

D'Theema vum "Va, pensiero", gesonge vun engem Chouer zesummegesat aus Sklaven, sollt spéider an Italien zu der zweeter, "geheimer" Nationalhymn ginn.