Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Davis & The Roadhouse Band - Free From The Guillotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu enger Hal, déi der Allgemengheet gehéiert

Kulturell Revaloriséierung

Zu enger Hal, déi der Allgemengheet gehéiert

Am Regierungsprogramm vun 2013 gouf a punkto Kulturinfrastrukturen ënner anerem versprach, datt de Projet vun der Gebléishal zu Belval géif relancéiert ginn. Den Zäithistoriker Denis Scuto erënnert a sengem Réck- an Ausbléck un dëst Verspriechen, dat haut agefuerdert gëtt.

auto_stories

7 min

Denis Scuto

Den 1. Juli 1892 gëtt d'Société Anonyme des Hauts Fourneaux Luxembourgeois, de Bedreiwer vun der Brasseurschmelz zu Esch, duerch den Aachener Hütten-Aktien-Verein, Division Rothe Erde, opkaaft, deen doropshin um Site e véierten an e fënneften Héichuewen ubléist. 1905 bilt dës Gesellschaft eng Interessegemeinschaft mat der Gelsenkirchener Bergwerks Aktien Gesellschaft a mam Schalker Gruben- und Hüttenverein.

Dës dräi Gesellschaften fusionéieren den 1. Januar 1907. De Rudolf Seidel ass den däitschen Direkter vu Rothe Erde vun 1897 bis 1911. 1908 geet de Seidel an den Escher Gemengerot, fir d'Politiker z'iwwerzeegen, fir der Gelsenkirchener Bergwerks AG de Clair-Chênes-Bësch zu engem gënschtege Präis ze verkafen, fir do eng riseg Industrieanlag opzeriichten.

Vun 1909 bis 1912 gëtt d'"Adolf-Emil-Hütte" - haut Belvaler Schmelz - gebaut. De Seidel versprécht en Deel vum Bësch der Allgemengheet zur Verfügung zu stellen, fir datt se do Fussball a Golf praktizéieren kéinten. D'Zerstéierung vum gréissten Deel vum Bësch zwéngt d'Stad awer dozou, d'Noerhuelungsgebitt fir d'Escher Bevëlkerung vum Clair-Chêne op de Gaalgebierg ze verleeën.

Rollespill iwwer d'Industrialiséierung

Dës historesch Informatioune sinn d'Angabe fir eng Grupp am Kader vun engem Rollespill zur Industrialiséierung, eng Léiersituatioun, déi ech a mengem Cours zur Geschichtsdidaktik op der Uni Lëtzebuerg zënter Jore virschloen. Dës Grupp spillt de Rudolf Seidel, Direkter vun der Schmelz "Rothe Erde", an déi féierend Leit vun der Adolf-Emil-Hütte, no de Virnimm vun de Gebridder Kirdorf benannt, déi un der Spëtzt vum Konzern stoungen, dem zweetgréissten hannert Krupp am Däitsche Räich.

Eng aner Grupp iwwerhëlt d'Roll vun den Direktere vun der Metzeschmelz, spéider bekannt als Arbed Esch-Schëffleng. Nach Anerer sollen sech an d'Haut vum Pietro Morelli an den Awanderer aus Nord- a Mëttelitalien versetzen, déi deemools an de Lëtzebuerger Süden an d'Schmelzen an d'Minne schaffe koumen. Oder vum Stadarchitekt Paul Flesch an den Notabilitéiten vun Esch. Oder dem Pierre Langers an d'Héichuewenaarbechter vu "Rothe Erde", der spéiderer Terre rouge. Oder dem Jean-Pierre Weber, dem Henri Rizzi an de jonke Borschten déi de Foussballclub Jeunesse Esch 1907 gegrënnt hunn. Oder schliisslech dem Frantzens Néckel an enger Grupp vun Textilaarbechter aus dem Gronn an der Stad, déi aarbechtslos gi sinn.

D'industriell Revolutioun nei erfannen

An deem Rollespill geet et drëm, datt Schüler sech aktiv mat engem zentrale Phänomen vun eiser moderner Gesellschaft auserneesetzen, dem vun der Industrialiséierung. Mir kréie jo haut gesot, mir wieren un der Schwell vun enger neier industrieller Revolutioun. Stéchwuert Rifkin. Nom Motto vum Pädagog Jean Piaget, "Comprendre c'est inventer, ou reconstruire par réinvention ", soll dëst Rollespill hinnen d'Méiglechkeet ginn, d'industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg nei z'erfannen an domadder ze verstoen.

Andeems se ausgi vu verschidde Situatiounen, Krisen oder awer Opportunitéiten, wéi där vum Rudolf Seidel, dee sech 1908 virum Escher Gemengerot presentéiert fir Terrainen ze kréien, déi d'Expansioun vun sengem Konzern géifen erméiglechen, mussen déi eenzel Gruppen Entscheedungen treffen, am Rollespill argumentéieren, se virféieren oder se zeechnen, op Attacke reagéieren, Rieden am Gemengerot oder am Parlament halen, fir hir Interessen ze verdeedegen.

Et geet och drëm d'Entwécklung vun der Stad Esch nei z'erfannen. Déi eenzel Gruppe mussen, ausgoend vun enger Kaart aus dem 19. Jorhonnert, virschloen an decidéieren wou déi nei Infrastrukturen hikommen, déi duerch d'Implantatioun vu Schmelzen, Minnen an anere Betriber néideg ginn. Wunnenge fir déi eenzel sozial Gruppen, Geschäfter, Schoulen, Spideeler, Infrastrukture fir den Transport an den Approvisionnement a Waasser, Elektrizitéit, Gas asw.

"Aktualitéit vun engem historesche Phänomen"

Et geet net virrangeg drëm zum Schluss vun deem Rollespill ze vergläichen mat deem wat richteg geschitt ass, mam Resultat vum Prozess vun Industrialiséierung an Urbaniséierung um Beispill vun enger Stad am louthrengesch-lëtzebuergeschen Bassin minier. Et geet virun allem drëm d'Komplexitéit, d'Villfalt an d'Aktualitéit vun engem historesche Phänomen, wéi deem vun der industrieller Revolutioun z'erfaassen.

Ech hunn dëst Rollespill eng éischte Kéier engem gréissere Public an engem Artikel am Lëtzebuerger Land vum 22. Mäerz 2001 virgestallt. Den Titel vun deem Artikel war: "The Industrial Revolution - Work in Progress". Den Ënnertitel: "Das Nationale Zentrum für Industriekultur durch spektakuläre Ausstellung eröffnet."

Den Artikel huet sech a sengen éischte Sätz an d'Zukunft projezéiert: "März 2004: Endlich ist es soweit! Die Ausstellung "La révolution industrielle. Une histoire sans fin - Die industrielle Revolution. Eine unendliche Geschichte - The industrial revolution - Work in progress" wird feierlich von Vertretern der Regierung, der Arbed, der Gewerkschaften und der Südgemeinden in den Gebläsehallen bei den Hochöfen von Esch-Belval eröffnet."

Ech hu weider an deem Artikel virgestallt, wéi dat Ganzt kéint ausgesinn. Während d'Héichiewen zum Bezuchspunkt fir kulturell Aktivitéiten dobaussen, am Fräien, géife ginn, géife sech d'Gebléishalen zur Dréischeif vun de verschiddenste kulturellen Aktivitéiten dobannen entwéckelen: Theater, artistesch Workshopen, museumspedagogesch Offeren, Konferenzen, wëssenschaftlech Colloquen.

Visioun fir de Site

Déi Gebléishalen, déi als ee vun de Resultater vun der Démarche vum Rudolf Seidel bei den Escher Politiker no 1908, erlaben et der Gelsenkirchener Bergwerks AG - bis dohinner virun allem Produzentin vu Kuel - sech um globale Stolmaart z'implantéieren. Mat Héichiewen, Stol- a Walzwierker op enger Plaz an op engem Eisenäerz-Site, wat weider Käschtereduzéierungen erméiglecht.

De Konkurrent Thyssen baut zur selwechter Zäit eng Zwillingsschmelz zu Hagondange. De Léon Metz, anengems Buergermeeschter vun Esch an Direkter vun der Metzeschmelz, geet den Deal mat an, well d'Bridder Kirdorf dem Virleefer vun der Arbed Coke-Liwwerungen zu engem gënschtege Präis verspriechen. Fir déi gigantesch Adolf-Emil-Hütte mat Elektrizitéit a waarm Loft z'alimentéieren gëtt eng grouss zweegliddreg Gebléishal vun 135 Meter Längt, 40 Meter Breet an 28 Meter Héicht a mat aacht Gebléismaschinnen an 11 Dynamoen gebaut. Dat imposant Gebai ass haut dee leschte Produktiounssite aus der Ufangszäit vun der Belvaler Schmelz, deen all d'Transformatiounen vum Site iwwerlieft huet. Déi Gebléishal ass haut, mat den Héichiewen, der Möllerei an de Gasleitungen ee vun den Emblemer vum neie Belval.

Ech hunn 2001 virgeschloen, datt am Mëttelpunkt vun der haiteger Notzung vun dësem historeschen Industriemonument, dat géif stoen, wat d'Séil vun deem Site am meeschte gepräägt huet: Aarbecht. Dofir wier d'Iddi opkomm, net fir d'éischt e Gebai an enger musealer Ausriichtung komplett fäerdegzestellen, fir dann dono eréischt déi kulturell Aarbecht unzefänken, mä ëmgedréint. Dat Ganzt hunn ech als en Deel vun enger Campagne presentéiert, déi d'Südgemengen a Biergerinitiativen ënnert dem Motto vum Dichter Gottfried Benn gestart hätten: "Du musst aus deiner Gegend alles holen!"

Fir d'éischt sollt eng international Ausstellung d'Potential vun de Gebléishalen dokumentéieren. Mä 2004 gouf keng Ausstellung zur industrieller Revolutioun ageweit. Dat huet de Robert Garcia, Koordinator vum Kulturjoer Lëtzebuerg an d'Groussregioun 2007 op seng Aart a Weis nogeholl. An d'Ausstellung "All we need " an de Gebléishalen zu engem aneren Thema, der Nohaltegkeet, gouf zu engem Highlight vun der Kulturhaaptstad.

D'Iddi vun engem nationalen Zentrum vun der Industriekultur zu Belval ass a verschiddenen Aarbechtsgruppe weiderentwéckelt ginn. Zu Belval sollt den Zentrum vun engem dezentral organiséierte Reseau vu Kooperatioun tëscht de villen Instituter a Strukturen, déi sech mat Industriekultur zu Lëtzebuerg beschäftegen, entstoen. Am Sënn vum Westfälischen Industriemuseum, deen op aacht verschiddenen historesche Plazen un d'Industriezäitalter erënnert.

Fënnef Millioune fir d'Renovatioun

De Projet gouf aus budgetäre Grënn op Äis geluecht, mä fënnef Millioune bloufe virgesinn fir d'Gebléishalen ze renovéieren. Am Programm vun der aktueller Regierung konnt jiddereen 2013 dat heite liesen: "L'aménagement du site des Rotondes sera achevé et d'autres projets (comme par exemple les Ardoisières de Martelange ou la Halle des Soufflantes de Belval) seront relancés." Eigentlech misst d'Regierung frou sinn, datt nees Responsabel vun enger Lëtzebuerger Kulturhaaptstad, nämlech Esch 2022, de Projet Gebléishal relancéiert hunn.

Net nëmme fir do zentral Ausstellungen, wéi déi vum Ai Weiwei z'organiséieren, mä fir d'Reimlechkeeten fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zur Verfügung ze stellen, fir Kreatioun, am Kader vun engem Remix Culture Club an doriwwer eraus eng nohalteg Strategie fir d'Notzung vun der Hal no 2022 auszeschaffen.

Do kéinten zum Beispill de Fonds Belval, de Kulturministère, d'Escher Gemeng, ProSud, d'Uni, d'Fondation Bassin minier, ArcelorMittal, fréier Aarbechter, Acteure vun der Industriekultur a Kulturschaffend mat Hëllef vun Architekten d'Käpp zesumme strecken. Fir datt en eenzegaartege Site am fréieren Noerhuelungsgebitt vun der Escher Populatioun endlech nees un déi zeréckfält, deenen e gehéiert. An dat ass d'Allgemengheet !