Voix d'auteurs
Jean Rouaud - Comédie d'automne
60 min
Am November 1990 krut de franséische Schrëftsteller Jean Rouaud fir säin éischte Roman "Les champs d’honneur” onerwaart de Goncourt Präis. Aner méi bekannt Auteure waren d’Favoritten, mee de Jury, vum Hervé Bazin presidéiert, huet entgéint all Pronosticken den Outsider Rouaud, deen Zeitungsverkeefer an engem Kiosk war, gekréint. 33 Joer méi spéit erzielt den deemolege Laureat a sengem Buch “Comédie d’automne”, wéi eng Ficellen d’Präismachinn vum Goncourt an de Kulisse gezunn huet, déi zu där Auszeichnung geféiert hunn. An hei, um 1. November, e puer Deeg also éier de Gewënner vun dësem Joer bekannt gëtt, ass de Jean Rouaud zu Gaascht beim Jean Portante.
Episoden
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.
![Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore](/legacy/images/147524/image-thumb__147524__base_thumbnail/buch.5e97cf5e.jpg)
Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.
![Léa Veinstein](/1_Foto/100komma7.lu/136509/image-thumb__136509__base_thumbnail/Bicher.d1b0970e.jpg)
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
![Jack Kerouac](/1_Foto/100komma7.lu/129031/image-thumb__129031__base_thumbnail/Jack%20Kerouac.b7af8207.jpg)