Voix d'auteurs
Andreï Makine
56 min
Wat geschitt, wann op eemol 15 Deeg am Kalenner verschwannen? An eng Léift an deene verschwonnenen Deeg ënnergeet. Dat ass den Ausgangspunkt vum Andreï Makine, deen 1995 de Goncourt an de Femina Präis krut, sengem neie Roman "L'ancien calendrier d'un amour". Mat am Hannergrond eng Fresk vu Russland - den Éischte Weltkrich, d'Oktoberrevolutioun, de Biergerkrich, den Exil, den Zweete Weltkrich, asw. Dat alles erlieft de Valdas an dësem knapp 200 Säite kuerzen Roman, an deem d'Personnagen dem Stuerm vun der grousser Geschicht ausgesat sinn.
Episoden
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.
![Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore](/legacy/images/147524/image-thumb__147524__base_thumbnail/buch.5e97cf5e.jpg)
Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.
![Léa Veinstein](/1_Foto/100komma7.lu/136509/image-thumb__136509__base_thumbnail/Bicher.d1b0970e.jpg)
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
![Jack Kerouac](/1_Foto/100komma7.lu/129031/image-thumb__129031__base_thumbnail/Jack%20Kerouac.b7af8207.jpg)