Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

Radioprogramm / Bewosst Gesond

/ Weltdiabeetes-Dag 2023

Weltdiabeetes-Dag 2023

headphones

14 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Säi Risiko kenne fir Komplikatiounen ze vermeiden.
De 14. November ass de Weltdag vum Diabeetes. Dësen Dag ass ëmmer nees eng gutt Geleeënheet fir op d’Problematik vun dëser chronescher Krankheet anzegoen.
De Slogan fir 2023 ass: "Kennt Äre Risiko, kennt Är Äntwert."
D’Zil vun dëser Campagne ass d'Wichtegkeet fir säin eegene Risiko fir Typ 2 Diabeetes ze kennen an esou d’Entwécklung vun der Krankheet an déi domat verbonne Komplikatiounen ze verzögeren oder esouguer ze vermeiden.
Mam Sylvie Paquet a Jessica Durbach vun der Association Luxembourgeoise du Diabète ASBL. Weider Informatiounen op www.ald.lu

D’Risikofaktore fir Typ 2 Diabeetes:
• Alter (> 45 Joer)
• Iwwergewiicht (BMI > 30) a besonnesch d’Fett ronderëm de Bauch, dofir gëtt dann den Taillen-Ëmfang gemooss (> 80 cm fir Fraen, > 94 cm fir Männer)
• Familliär Geschicht: Elteren oder Bridder / Schwëstere mat Diabeetes
• Beweegungsmangel (Sedentaritéit: manner wéi 30 Minutte kierperlech Aktivitéit pro Dag)
• Schlecht Iessgewunnechte mat wéineg Uebst, Geméis a Kären
• Héije Bluttdrock

Recommandatiounen :
Op där enger Säit huet ee Liewensmëttel, déi méi dacks op eisem Teller solle sinn:
- Frëscht Geméis an Uebst, wa méiglech regional a saisonal
- Vollkarkären, Brout an Deegwueren, egal op dat elo Weess, Dinkel, Wëllkar, Räis, Huewer, Quinoa ass
- All Zorte vun Nëss a Kären, wéi Hacker-, Hiesel-, Cashew- oder Afennëss, mee och Kürbis-, Sesam-, Sonneblummen, Chia-, oder Leinsamekären
- Net-gesiedegt Fetter aus Ueleg-Friichten, wéi Oliven, Raps, Sesam, Arachiden, Mais, Sonneblummen …
- Fermentéiert Liewensmëttelen, wéi Jughurt oder Kefir
- Genuch Flëssegkeet duerch Waasser an net-geséissten Téi, Kräidertéi oder Kaffi

Dogéint solle folgend Liewensmëttelen nëmmen heiansdo, an a klenge Quantitéite konsuméiert ginn:
- All séisst Gedrénks wéi Cola, Limonaden a Jus
- Gesiedegt a gehäerten oder Trans-Fetter aus Margarinn, Palmfett, industriell hiergestallte Kichelcher a Séissegkeeten oder Schockelasbotter
- Rout Fleesch, Charcuterie a Fleeschwueren
- Am allgemenge si staark verschafften an transforméiert Liewensmëttelen oder wäiss a raffinéiert Mielprodukter a Brout ze vermeiden.

Ernärung
Gesondheet
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Wéivill Flëssegkeet muss et sinn?

Wéivill Flëssegkeet muss et sinn?

2,5 bis 3,5 Liter den Dag: Dovun huelen mer an der Moyenne 1L duerch d'Ernärung op.
headphones

12 min

play_arrow
Wéivill Flëssegkeet muss et sinn?

Wéivill Flëssegkeet muss et sinn?

2,5 bis 3,5 Liter den Dag: Dovun huelen mer an der Moyenne 1L duerch d'Ernärung op.
headphones

12 min

play_arrow
Cannabis doheem uplanzen

Cannabis doheem uplanzen

An Zukunft soll et zu Lëtzebuerg méiglech si véier Cannabis-Planzen fir privat Zwecker doheem ze halen. Bis et esouwäit ass bleiwen awer nach vill Froen ze klären.
headphones

5 min

Proteinnen: Zille fir en Haus ze bauen

Proteinnen: Zille fir en Haus ze bauen

Eng Pärelskette fir de Kierper: Proteinne si fir de Wuesstem, d'Reparatioun an den Opbau vu wichtege Substanze wichteg.
headphones

6 min

Preventioun Broschtkriibs

D'Associatioun Europa Donna, déi sech zanter 20 Joer am Kampf géint de Broschtkriibs asetzt, huet eng Sensibiliséierungscampagne mam Theema "Broscht oftaaschten" lancéiert.
headphones

4 min

Déi gutt Kaffisboun

Déi gutt Kaffisboun

Frësch gemuel, maximalen Aroma: Café au lait, Mokka, Lungo, Ristretto, Latte machiato, Cappuccino ...
headphones

12 min

play_arrow
Déi gutt Kaffisboun

Déi gutt Kaffisboun

Frësch gemuel, maximalen Aroma: Café au lait, Mokka, Lungo, Ristretto, Latte machiato, Cappuccino ...
headphones

12 min

play_arrow
Physiotherapie fir Hënn

Physiotherapie fir Hënn

Vu Muskel-Verspanungen iwwer Arthros bis bei Problemer no Operatiounen: Eis véierbeeneg Frënn kënnen ënner deene selwechte gesondheetleche Problemer leide wéi mir Mënschen.

Raps-, Sonneblummen-, Fluesssom-, Noss-, Drauwen- oder Olivenueleg?

Raps-, Sonneblummen-, Fluesssom-, Noss-, Drauwen- oder Olivenueleg?

Gesiedegt an ongesiedegt Fettsaieren, Omega-3 an Omega- 6, wat ass ze beuechten?
headphones

7 min

Duerch de Klimawandel dat ganzt Joer iwwer Bëschzecken

Duerch de Klimawandel dat ganzt Joer iwwer Bëschzecken

D'Bëschzecken hunn et gär fiicht a wotlech, seet den Dokter Georges Jacobs, deen déi kleng Plogeeschter zanter 25 Joer méi genee ënner d'Lupp hëlt.

De Knuewelek, beléift als Gewierz an Heelplanz

De Knuewelek, beléift als Gewierz an Heelplanz

En Allheelmëttel, therapeutesch Wierkungen an e Genoss an der Kichen

Vum 2.-11. Mee: Semaine de la Santé affective et sexuelle

Vum 2.-11. Mee: Semaine de la Santé affective et sexuelle

Fir déi drëtt Editioun vun dëser Sensibiliséierungswoch proposéiert de CESAS fënnef Theemeberäicher mat 24 Acteuren a 25 Evenementer.