Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Staple Singers - My Main Man / There Is A God

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SYVICOL: 36 Proposen un d'Regierung

Gemengepolitik

SYVICOL: 36 Proposen un d'Regierung

De Wunnengsbau, de Statut an d’Formatioun vum Gemengepolitiker. Dat waren e puer vun de Sujeten an enger Reunioun vum Comité vum SYVICOL. Et hätt ee sech mat de 36 Propose befaasst, déi am Virfeld vun de Gemengewale vun zejoert ausgeschafft goufen. Eng Rei dovu wieren an de Koalitiounsaccord agefloss.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Syvicol | © Syvicol play_arrow
Foto: Syvicol

Woubäi een awer ënner anerem nach op een Text géif waarden. An zwar deen, duerch deen de SYVICOL als Organ géif festgehale ginn, dat an Zukunft misst bei Gesetzesprojete consultéiert ginn, déi de Gemengesecteur betreffen. Den Emile Eicher kéint sech zum Beispill eng Zort Chambre professionelle virstellen.

Reform vum Fonds pour l‘emploi an dem Subventiounsregimm

Wat d’Dauertheema Gemengefinanzen ugeet, wier eng Reform vum Fonds pour l’emploi ënnerwee. An der Lescht hätt nëmmen e Véierel vun de Gemengen dee finanzéiert, huet den Emile Eicher constatéiert. Elo kéim een nämlech op de Stand vu virun 2017 zeréck.

De Subventiounsregimm sollt reforméiert ginn, fir datt d’Gemengen net méi sou vill virfinanzéiere missten, an och beim Statut vum Élu local sollt nogebessert ginn. Et bräicht méi Ofsécherung fir Leit aus dem Privatsecteur a keng penal Responsabilitéit vum Buergermeeschter. Zu deem Statut géif awer nach den Avis vum Staatsrot feelen.

Bierger bei Fusioune méi Zäit loossen

Bei de Fusioune sollt iwwer d’Viretapp vu Coopérations renforcées gefuer ginn, wou d‘Ziler virun enger Fusioun genau definéiert ginn. Et misst een de Bierger och méi Zäit loossen, fir de Sënn an Zweck vun enger Fusioun ze erkennen, betount de SYVICOL-President.

A puncto Wunnengsbau wier méi Kohärenz tëscht dem Logements- an dem Landesplanungsministère néideg. A wat d’Sozialbüroe betrëfft, misst d’Personal opgestockt ginn.

Service technique als 3. Pilier vun der Gemeng

Am Enseignement sollt den Transport iwwerdeems vum Staat iwwerholl ginn.

D’Leerstands- an d’Mobilisatiounssteier da sollten net un de Staat goen. Et wier richteg, de Service technique als 3. Pilier vun enger Gemeng unzegesinn, an a Saache Formatioun goufen d’Froen opgeworf no engem Congé de formation, deen net op Käschte vum Congé politique géif goen, an no enger Filière ëffentlech Verwaltung am Secondaire.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft