Radioen

On air

Al Schanken  |  Guns 'n' Roses - Paradise City (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ex-Sécherheetsberoder Mike Walz gëtt neien US-amerikaneschen Ambassadeur bei der UNO

Positiounswiessel

Ex-Sécherheetsberoder Mike Walz gëtt neien US-amerikaneschen Ambassadeur bei der UNO

An den USA huet den nationale Sécherheetsberoder Mike Waltz elo säi Poste misse raumen. Hie gëtt awer neien amerikaneschen Ambassadeur bei der UNO zu New York.

auto_stories

1 min

USA UNO | © picture alliance / NurPhoto | John Lamparski
USA UNO (Foto: picture alliance / NurPhoto | John Lamparski)

De Mike Waltz muss wuel goen, wéinst der Affär ëm e Gruppenchat mat brisante militäreschen Informatiounen iwwer op der Plattform Signal, an deen iertemlecherweis e Journalist bäigesat gi war.

Den Ausseminister Marco Rubio soll den Interim als Sécherheetsberoder maachen. Hien beréit de President a Froe vun der nationaler Sécherheet an der Aussepolitik.

Déi leschte Kéier, datt et déi Konstellatioun an den USA gouf, war an de 70er Joren. Deemols hat den Henry Kissinger déi zwou Rollen.