Radioen

On air

9 bis 1  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Annonce vum President Trump: D‘USA wëllen d‘Sanktioune géint Syrien ophiewen

Treffe mam neie Leader ass geplangt

Annonce vum President Trump: D‘USA wëllen d‘Sanktioune géint Syrien ophiewen

D‘USA wëllen all d‘Sanktioune géint Syrien ophiewen. Dat huet de President Donald Trump gëschter um Dënschdeg a Saudi-Arabien annoncéiert. Hie wéilt den neie Leaderen a Syrien nom Stuerz vum Assad-Regimm eng Chance gi fir "groussaarteg“ ze ginn, esou den US-President.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Samuel Corum - Pool via CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Samuel Corum - Pool via CNP)

No där Annoncen hunn a Syrie vill Mënschen op de Stroosse gefeiert. Dem Wäissen Haus no huet den Donald Trump och akzeptéiert, fir de syreschen Iwwergangspresident al-Scharaa a Saudi-Arabien ze begéinen.

Mam saudesche Krounprënz Mohammed bin Salman hat den Donald Trump gëschter um Dënschdeg e Verteidegungs-Kontrakt vun 142 Milliarden Dollar ënnerschriwwen.

An den nächsten Deeg soll den US-President och an de Katar an an d‘Vereenegt Arabesch Emirater reesen.