Radioen

On air

9 bis 1  |  The Kooks - Naive

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglecht Treffen zu Istanbul: US-Ausseminister Marco Rubio soll bei de Verhandlungen dobäi sinn

Ukrainkrich

Méiglecht Treffen zu Istanbul: US-Ausseminister Marco Rubio soll bei de Verhandlungen dobäi sinn

Den US-Ausseminister Marco Rubio soll bei Verhandlungen iwwer den Ukrainkrich an der Tierkei dobäi sinn. Dat huet den Donald Trump ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Marco Rubio | © picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP
Marco Rubio (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Oliver Contreras - Pool via CNP)

Am Raum steet jo een Treffen tëschent dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an dem russesche President Wladimir Putin muer um Donneschdeg zu Istanbul.

De Wolodymyr Selenskyj wëll eegenen Aussoen no alles maachen, fir datt dat zustane kënnt. Vum Kreml gëtt et fir den Ament awer nach ëmmer keng Zouso.