Radioen

On air

One World  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wäilies: Aussiichten a Suergen am Wéngert

Hallwer Néng am Wéngert

Wäilies: Aussiichten a Suergen am Wéngert

De Bob Max leet an der siwenter Generatioun e Wënzerbetrib. Mat wéi engen Erausfuerderunge muss hien a seng Famill ëmgoen? Huet hien Ängschte virun der Zukunft an de klimatesche Verännerungen? A wisou ass d'Aarbecht mat den Drauwe seng grouss Passioun? Dat erzielt hie live vun där Plaz, an där hien am Léifsten ass: Aus dem Wéngert.

auto_stories

3 min

headphones

22 min

play_arrow
De Bob Max a säi Jong Christophe Max si Wënzer a siwenter Generatioun (Foto: Morgane Weidig)

Moies fréi geet et scho lass, et misst ee maximal vum gudde Wieder profitéiere fir och déi beschte Qualitéit aus de Riewen erauszehuelen, seet de Bob Max.

"Moies fréi, wann den Niwwel an den Dall erofgeet an d'Sonn kënnt, dat ass ee schéine Panorama."

Wäibierg am Niwwel | © Morgane Weidig
Wäibierg am Niwwel (Foto: Morgane Weidig)

D'Wënzer spieren de Klimawandel

D'Aarbecht hätt sech an de leschten 20-30 Joer och geännert. D'Klima hätt geännert an doru misst ee sech upassen an haut wier d'Aarbecht och mat méi Stress verbonnen. Eppes Grondleeëndes hätt sech och geännert: Fréier wiere fir d'éischt d'Drauwe gelies ginn an da wier eréischt decidéiert ginn, wéi ee Wäin een doraus maache sollt. Haut wier dat ëmgedréint, et produzéiert een déi Wäiner fir déi et eng Nofro gëtt.

Aner Zorten, manner Rendement

Deelweis géife mëttlerweil méi Merlot- a PIWI-Zorten ugebaut ginn, déi een net muss sou vill sprëtzen. An de 60 Joren wier och vill op Ertrag geziicht ginn, haut geet et an déi aner Richtung. Well et fir eng Rief méi ustrengend ass vill Drauwen ze halen, wier et heiansdo och besser fir sech fir manner Rendement a méi Qualitéit ze entscheeden.

© Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Deelweis ze streng Reegelen

Et wier haut méi schwéier fir genuch Aarbechter ze fanne fir de Wäin ze liesen. Zënter enger Zäit géif d'ITM och Kontrolle maachen an et dierfte just nach Leit mat Kontrakt hëllefe Wäin ze liesen.

Wann ee Familljemember wëllt e puer Stonnen hëllefen, da geet dat net, well e kee Kontrakt gëtt. Dat wier en negativen Effekt vun der Reglementatioun an de Bob a Christophe Max géife sech dofir och Ausname fir Wënzerbetriber wënschen. Soss géife verschidde Betriber riskéieren an Zukunft Schwieregkeeten ze kréien.

Lauschterenplay_arrow

Ernärung
Wirtschaft
Wëssenschaft
Ëmwelt