Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
search

/ CNS-Prozess: 7 Joer Prisong fir d'Haaptbeschëllegt

Geldstrofe goufen erofgesat

CNS-Prozess: 7 Joer Prisong fir d'Haaptbeschëllegt

Am Appellprozess ëm d’Verontreiung bei der Gesondheetskeess sollen d’Prisongsstrofe fir déi véier Ugeklote confirméiert a just d’Geldstrofen erofgesat ginn. Dat huet de Vertrieder vum Parquet général de Moie gefuerdert.

auto_stories

1 min

Deemno géif et fir d’Haaptbeschëllegt, eng Fra, bei 7 Joer Prisong, 3 dovu mat Sursis, bleiwen. Fir déi dräi Matugeklote Männer bléif et bei all Kéiers 5 Joer Prisong, d’Hallschent dovu mat Sursis.

D’Fra hat d’CNS vun 2009 bis 2019 ëm eppes méi wéi zwou Milliounen Euro geschiedegt. Si hat an den informatesche System Remboursementer eragi fir fiktiv international Rechnungen. D’Appellsurteel gëtt de 14. Mee gesprach.