Radioen

On air

Tockcity  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanner- a Jugendpsychiatrien: Suerge bei Mesures de contraintes

Ombusman

Kanner- a Jugendpsychiatrien: Suerge bei Mesures de contraintes

Eng Therapie an engem méiglechst agreabele Kader, ee maximale Kontakt mat der Aussewelt an ee besseren Echange ënnert de Professionellen. Dat sinn nëmmen e puer vun am Ganzen 126 Recommandatiounen aus dem Rapport iwwert d’Kanner- a Jugendpsychiatrië vun der Ombudsman Claudia Monti.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

De Rapport huet d‘Claudia Monti haut an hirer Funktioun als Contrôleur externe des lieux privatifs de liberté presentéiert. Baséiert gëtt sech fir de Rapport op Visitten an de verschiddene Kanner-a Jugendpsychiatrien uechtert d’Land. Flagrant Violatiounen hätt ee keng festgestallt, esou d’Claudia Monti.

Méi strengt Encadrement vum Gesetz

E bësse Suerge géing ee sech allerdéngs bei de sougenannte “mesures de contrainte” maachen. Also wa Jonker immobiliséiert ginn. D‘Approche vun de Leit um Terrain wier eppes aneres wéi dat, wat d‘Äntwerten un d‘Ombudsman wieren. Fir d‘Claudia Monti misst dat vum Gesetz streng encadréiert ginn.

„Wéini et gemaach gëtt, ënner wat fir enge Konditiounen et gemaach gëtt, datt et reegelméisseg reevaluéiert gëtt an och, datt mam Jonken doriwwer geschwat gëtt. Datt hien dat och versteet, datt e weess, wéini et geschitt, au préalable, datt d'Elteren oder deen, deen, d'Autorité parentale huet, doriwwer informéiert gëtt, datt en Dokter et allkéiers autoriséiert.

D‘Ombudsman Claudia Monti huet och ugekënnegt, méi intensiv wëllen op déi mesures de contrainte wëllen anzegoen.