Radioen

On air

Tockcity  |  The Fat White Family - What's That You Say

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement Ecologique: Leit kréien trotz Verbuet Reklammen an d‘Bréifboîte

Reklammen an der Bréifboîte

Mouvement Ecologique: Leit kréien trotz Verbuet Reklammen an d‘Bréifboîte

„Keng Reklammen an de Bréifboîtten“: De Mouvement Ecologique mengt, datt dat neit Gesetz, wat d‘Verdeele vu kommerzielle Reklamme prinzipiell verbitt, net respektéiert gëtt.

auto_stories

1 min

© Unsplash

An engem Communiqué schreift d‘Ëmweltorganisatioun, si hätt iwwer 100 Meldung vu Leit kritt, déi ëmmer nach onerwënscht Reklammen an hirer Bréifboîte haten.

De Mouvement Ecologique betount, datt d‘Ëmsetzung vum neie Gesetz misst kontrolléiert ginn, an datt onkloer Punkten am Gesetz misste gekläert ginn. Dës Stellungnam hätt de Mouveco de responsabelen Acteuren zoukomme gelooss, dorënner och den Ëmweltministère.