Radioen

On air

Notturno  |  Derya Yildirim & Grup Simsek - Bal

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Certificats de virginité solle verbuede ginn

Petitiounsdebat

Certificats de virginité solle verbuede ginn

Déi sougenannt Certificats de virginité - also Certificaten, déi beweise sollen, datt eng Fra nach Jongfra ass - sollen zu Lëtzebuerg verbuede ginn. Dat fuerdert eng Petitioun, déi iwwer 5.200 Ënnerschrëfte krut, an e Mëttwoch an der Chamber debattéiert ginn ass. Esou ee Verbuet steet och am Koalitiounsaccord vun der schwaarz-bloer Regierung.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chamber

Konkret fuerderen déi zwou Petitionärinnen, Sandra Dessi an Enji Ismaili, datt Doktere keng esou Certificate méi dierfen ausstellen. Allebéid schaffe si an engem Lycée. Do hätte si quasi zäitgläich zwee Fäll gehat vu Schülerinnen, déi hir Hëllef gesicht hunn, well hir Elteren si zwénge wollten, en Test ze maache fir ze beweisen, datt si Jongfra sinn, erkläert d’Sandra Dessi.

„A béide Fäll waren déi jonk Fraen net mat där Praxis averstanen, wollten dat och net maachen, ma se konnte sech awer och net dogéint wieren.“

Martine Deprez: Verbuet soll kommen

De Petitionärinne wier du séier bewosst ginn, datt hinnen d’Hänn gebonne wiere fir deene jonke Fraen ze hëllefen, well et zu Lëtzebuerg kee Gesetz géif ginn, dat esou een Test, respektiv Zertifikat, verbitt, esou wéi dat zum Beispill an der Belsch an a Frankräich de Fall ass.

Esou ee Verbuet soll awer kommen. Dat huet d‘Gesondheetsministesch Martine Deprez nach emol wärend der Debatt ënnerstrach an och widderholl, wat am Koalitiounsaccord steet.

„Et soll den droit fondamental d’une femme à ‚décider d’elle-même‘ renforcéieren. Esouwuel um Niveau vum Kierper, wéi vun der Sexualitéit. An et soll d’Dignitéit protegéieren a géint all Discrimination sexuelle luttéieren."

Nach kee geneeën Zäitplang

Mat engem Verbuet eleng geet et awer net duer. Do ware sech d’Petitionnärinnen, d’Regierungsvertrieder an d'Deputéiert gëschter an der Chamber eens, seet d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun, Francine Closener, no der Debatt. D‘Chamber wäert dat elo viru suivéieren a ganz genee kucken, ob déi Gespréicher ëmgesat ginn.

Wéini an a wéi eng Form dee Verbuet vun de Certificats de virginité genee soll duerchgesat ginn, gouf bei der Debatt net preziséiert. D’Gesondheetsministesch Martine Deprez huet awer ugekënnegt, och de Verbuet vun der Rekonstruktioun vum Hymen, wéi et en zum Beispill a Groussbritannien gëtt, mat an d‘Diskussioun ze huelen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Fraerechter
Politik a Gesellschaft