Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Copernicus: Keen Trendwiessel bei Temperaturrekorder ze erkennen

Météo

Copernicus: Keen Trendwiessel bei Temperaturrekorder ze erkennen

De Klimawandel geet ongebremst virun. Den neisten Zuele vum europäesche Klimawandel-Déngscht Copernicus no sinn et virun allem d’Temperaturen, déi weider klammen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Thermometer | © Jarosław Kwoczała play_arrow
Foto: Jarosław Kwoczała

Nom Rekordjoer 2023 geet d‘Linn ongebremst virun: Och den Abrëll vun dësem Joer war, weltwäit gesinn, nees de wäermsten, dee jeemools gemooss gouf.

Ausgewäert goufen d’Uewerflächentemperaturen iwwer dem Land an iwwer dem Mier. Déi lounge global gesi bei 15,03 Grad. Dat sinn 0,67 Grad méi wéi de Schnëtt vun de Joren 1991 bis 2020. An dobäi waren dat scho Joren, déi däitlech ze waarm ware par rapport zu der Referenzperiod 1850 bis 1900.

Besonnesch beonrouegend ass dobäi d’Tendenz, datt zënter eelef Méint hannertenee d’Joresrekorder fir dee betreffende Mount gebrach ginn. En Ëmdréie vun der Tendenz ass net ze erkennen.

Europa net gläichméisseg betraff

Och wann een déi lescht 12 Méint kuckt stellt ee fest, datt nach ni esou eng waarm Period gemooss gouf. Europa war dobäi net gläichméisseg betraff: An Osteuropa war et däitlech ze waarm, an Island a Skandinavien dergéint méi kal wéi am Schnëtt.

Baussent Europa ware virun allem Nordamerika, Grönland, Ostasien an de gréissten Deel vun Afrika vun iwwerduerchschnëttlechen Temperature markéiert.

D'Mierwaasser ass iwwerduerchschnëttlech waarm

Och Uewerflächentemperaturen iwwer dem Mier loungen ze héich. Dat obwuel den El Niño Effekt ugefaangen huet sech ofzeschwächen, sou d’Wëssenschaftler. Datt déi global Temperaturen och an noer Zukunft net wäerten erof goen ass op d‘Mierwaasser zeréckzeféieren, dat iwwerduerchschnëttlech waarm ass. Zesumme mat den Zäregasen an der Atmosphär géifen déi wéi e risege Späicher funktionéieren, sou de Carlo Buontempo, Direkter vu Copernicus.

Wat d’Äiscouverture ugeet, sou ass d’Situatioun hei mitigéiert. An der Arktis gëtt e klenge Minus observéiert, an an der Antarktis feelen dergéint 9 Prozent vun der duerchschnëttlecher Bedeckung.

 

Lauschterenplay_arrow