Radioen

On air

Concert  |  Ludwig van Beethoven - Sonat fir Piano Nr.4 a Mi bémol Majeur, Op. 7 - William Youn (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CSV huet hire Regierungsstart an de Sand gesat

Kommentar

D'CSV huet hire Regierungsstart an de Sand gesat

Déi nei CSV-DP-Regierung wollt d‘Land vun enger ze grousser Bürokratie befreien an d‘Ekonomie nei beliewen. Bis elo huet si et awer just fäerdeg bruecht, wéinst dem Autoriséiere vum partiellen Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg massiv an der Kritik ze stoen. Déi nei CSV vum neie Luc huet hire Regierungsstart no zéng Joer an der Oppositioun nawell ferm an de Sand gesat. E Kommentar vum Jean-Claude Franck.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

„Mir wäerten alles maache fir eis Demokratie, eis pluralistesch Gesellschaft, an d’Mënscherechter ze verteidegen an ze stäerken.“ Zitat vum Luc Frieden aus der Regierungserkärung vum 22. November 2023. Nëmmen 19 Deeg méi spéit huet den Inneminister Léon Gloden (CSV) eng Decisioun vun der viregter Regierung gekippt an dat partiellt Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg autoriséiert.

Vill Géigewand fir d'CSV

Wat duerno koum, haten de Léon Gloden a säi CEO an hirer Naivitéit net fir méiglech gehalen: Bis an d‘auslännesch Press huet d‘Regierung et gepackt, Nation branding à la CSV. Heiheem huet déi nei Regierung et fäerdeg bruecht, d‘Oppositioun zesummen ze schweessen, a se huet d‘Justiz an d‘Policegewerkschaft gelueden, déi drop opmierksam maachen, datt déi juristesch a reglementaresch Situatioun net sou kloer ass, wéi den neien Inneminister et wëll gleewen dinn.

Niewebäi gouf sech och nach mat de Kënschtler an de Verfechter vun der Meenungsfräiheet ugeluecht, well de Léon Gloden et tatsächlech fäerdeg bruecht huet, deen inakzeptabele Vandalismus him a senger Famill géintiwwer deenen an d‘Schong ze drécken, déi sech getraut hunn, hien an der wichteger ëffentlecher Debatt ze kritiséieren. A souguer d‘Caritas déi vun der fréierer CSV-Familieministerin Marie-Josée Jacobs presidéiert gëtt, sou wéi och de Bistum sinn net mat der neier CSV averstanen. Wann ee just nach vun der rietspopulistescher ADR ënnerstëtzt gëtt, misst ee sech eigentlech Froe stellen.

Kee Plang? 

De Luc Frieden hat sech dat alles anescht virgestallt. Mee bis elo schéngt e kee Plang ze hu wéi seng Regierung aus där Nummer do eraus kënnt. Et geet net duer, séier ze probéieren, nei Sujeten op d‘Dagesuerdnung ze setzen. Esou einfach kritt een eng ëffentlech Debatt net gedréit. Wa se wierklech wéilt e Befreiungsschlag landen, misst den Inneminister dat Stater Policereglement nees ausser Kraaft setzen an déi gesetzlech Situatioun klären.

D'Regierung sollt hir Prioritéiten iwwerdenken

Mee onofhängeg dovu freet ee sech och, wéi ee Problem iwwerhaapt soll geléist ginn. Deen, datt d‘Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer an hire Koalitiounspartner CSV genervt sinn, wa si am Stadkär drun erënnert ginn, datt et zu Lëtzebuerg Aarmut gëtt? Déi Politiker sollte vill méi vun hirem Mandat profitéieren, fir d‘Aarmut um Fong ze bekämpfen.

Wëlle mer wierklech ufänken, jiddereen aus dem Wee ze raumen, duerch deen deen een oder anere sech gestéiert oder bedrängt fillt? Als Vëlosfuerer ginn ech vläicht och mol vun engem décken SUV gestéiert, deen net séier genuch vum Lampertsbierg erof bis an de Parking an der Avenue Monterey kënnt. Am Stater Bus sëtzt vläicht een nieft mer deem säi Geroch mer net gefält. Oder an der Groussgaass leeft e Kand a mech, dat mat senge Geschwëster Fänkches spillt wärend d‘Bomi mat anere schnësst. Hunn ech d‘Recht, dofir ze verlaangen, si alleguerten aus der Stad ze verbannen? Der Regierung géif et gutt doen, hir Prioritéiten nach eng Kéier z‘iwwerdenken, am Plaz als alleréischt déi Schwächst an der Gesellschaft ze viséieren.

Déi falsch Zilscheif

A wann e Minister dann och nach mengt, et wier jo gewosst, datt déi Heescherten all um Boulevard Royal „aus däitsche Luxuslimousine mat belsche Placken“ erausgelooss ginn, wëll heeschen, datt si internationale Banden ugehéieren, da kann ee scho mengen, et wier een am falsche Film. International Kriminalitéit a Luxuslimousinnen um Boulevard Royal, dat huet näischt mat Heescherten ze dinn. Mee wann et drëms geet, dem Parquet financier d‘Moyenen ze ginn, aktiv géint Blanchiment a soss Finanzkriminalitéit virzegoen, da sinn d‘Geschäftsaffekote vun der CSV net méi ze héieren.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Meenung