Radioen

On air

Notturno  |  Pinkshinyultrablast - Ravestar Supreme

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Richtung22 begréisst d'Virgoe vun der ALIA

16 Plaintë géint RTL

Richtung22 begréisst d'Virgoe vun der ALIA

Richtung22 begréisst, datt d’ALIA den Inhalt vun de 16 Plaintë géint RTL, respektiv CLT-UFA, ënnersiche wäert, déi de Kënschtlerkollektiv bei der “Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel” agereecht huet. Dat huet d’ASBL Richtung22 eis op Nofro hi matgedeelt.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Logo vun der ALIA | © Archiv play_arrow
Foto: Archiv

D’ALIA hat een Dënschdeg doriwwer informéiert, datt den Direkter vun der Autoritéit Paul H. Lorenz mat der Instruktioun vun de 16 Dossiere chargéiert gouf.

Richtung22: D'ALIA ka gestäerkt ginn

Tëschent dem 7. Februar an dem 4. Mäerz hat Richtung22 d’Plaintë bei der ALIA agereecht. Elo huet de Conseil vun der Kontrollautoritéit decidéiert, datt fir alle 16 Dossieren eng Instruktioun soll gemaach ginn.

Dozou huet de Kënschtlerkollektiv eis a senger schrëftlecher Reaktioun geschriwwen:

"Mir begréissen absolut, dass d'ALIA déi Problemer lo ënnersiche wäert a ginn och dovunner aus, dass dat d'ALIA selwer an hirer Funktioun als Medienopsiicht stäerke kann."

Am wichtegste wier, datt d’ALIA och responsabel wier, fir ze iwwerpréiwen, ob RTL de Staatsvertrag anhält, esou de Kollektiv. No Meenung vu Richtung22 kéim d’Commission de Suivi, déi vum Medieministère geleet gëtt, hirer Aarbecht net no.

Plagiat a Reklamm an eegener Saach

Déi 16 Plaintë géint RTL, respektiv CLT-UFA, goufen och am Zesummenhang mat de Recherchë vu Richtung22 gemaach, déi um satiresch-kriteschen Internetsite rtl1.lu verëffentlecht goufen.

An enger vun de Plainten, déi dem radio 100,7 virläit, kritiséiert Richtung22 eng Infraktioun géint d’Reegel, datt kommerziell Kommunikatioune mussen däitlech gemaach ginn. Ee Mataarbechter vun RTL hätt säi Statut als “Journalist” genotzt, fir Reklamm fir säin eegent Geschäft ze maachen, esou de Virworf.

An enger anerer Plainte geet et ëm eng méiglech Infraktioun géint den Deontologie-Kodex vun der Press, wéinst engem Fall vu Plagiat an enger eventueller Infraktioun géint d’Auteursrechter. Richtung22 gehäit RTL vir, een Artikel aus der Zeitung FAZ iwwersat ze hunn, ouni d’Source an den Auteur ze nennen.

Blâme oder Geldstrof méiglech

No der Entscheedung vun der ALIA, Instruktiounen zu alle Plainten ze maachen, kënnt Richtung22 an hirer schrëftlecher Stellungnam zur Conclusioun:

"Et gëtt siichtbar, dass RTL sengem Optrag als 'Service Public' och qualitativ net gerecht gëtt an dass d'Orientatioun vun CLT-UFA op Profitmaximéierung offensichtlech am Widdersproch zum Optrag steet."

Wéi laang d’Instruktioun vun de 16 Plaintë vu Richtung22 wäert daueren, wier am Virfeld schwéier ze soen, esou op eis Nofro den ALIA-President Thierry Hoscheit. Nom Ofschloss wäert d’Kontrollautoritéit all hir Decisiounen um ALIA-Internetsite verëffentlechen. Méiglech ass, datt eng Affär klasséiert gëtt, oder awer Sanktioune wéi ee Blâme oder eng Geldstrof decidéiert ginn. 

Een neien Direkter fir d'ALIA

Wat d’Plaintë vu Richtung22 ugeet, hätt een nach keng Informatiounen iwwert den Inhalt, esou de Mëtteg op eis Nofro de Generaldirekter vun RTL Luxembourg, Christophe Goossens.

Den Direkter vun der Kontrollautoritéit ALIA, de Paul H. Lorenz, wäert iwwerdeems och net méi laang op sengem Poste bleiwen: Säi Mandat vu fënnef Joer leeft Mëtt September aus, an hien ass net Kandidat fir een neit Mandat, wéi hien dem radio 100,7 haut gesot huet. Well de Posten nei ausgeschriwwe gouf, war de Paul H. Lorenz net méi un enger Kandidatur interesséiert.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft