Radioen

On air

Soundcheck  |  Nick Cave and the Bad Seeds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Enn vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg

De Bléck zeréck

D'Enn vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg

An dësem "Bléck zeréck" gi mir op d'Enn vum Zweete Weltkrich a Westeuropa an d’"Stunde Null" zu Lëtzebuerg an. Wéi hunn d'Lëtzebuerger dës historesch Momenter materlieft? Wéi gouf d'Rekonstruktioun vun den zerstéierte Regioune bewältegt? Wat huet sech um politesche Plang ofgespillt? Mat der Hëllef vun eisen Archive loosse mir Erënnerunge vu Kënschtler, Resistenzler a Politiker nei opliewen.

auto_stories

9 min

De formelle Schluss vum Krich

De 7. Mee 1945 ënnerzeechent dee vum däitsche Reichspräsident Karl Dönitz bevollmächtegte Generaloberst Alfred Jodl am Haaptquartéier vun den Alliéierten zu Reims déi bedéngungslos Kapitulatioun vum Däitsche Räich, déi den 8. Mee a Kraaft trëtt. Dat selwecht maachen däitsch Verantwortlecher den 9. Mee am sowjeteschen Haaptquartéier zu Berlin.

Den Zweete Weltkrich, dat wuel däischterst a bluddegst Kapitel an der neizäitlecher Mënschheetsgeschicht, ass elo och formell eriwwer. Gläichzäiteg markéiert dëse Schluss déi sougenannte "Stunde Null", also den Neiufank an Däitschland, an an deene vum Krich geschiedegte Länner.

Den Alfred Jodl ënnerschreift d’ Gesamtkapitulation vum däitsche Räich, Reims 7 Mee 1945. | © PD-USGov-Military-Army
Den Alfred Jodl ënnerschreift d’ Gesamtkapitulation vum däitsche Räich, Reims 7 Mee 1945. (Foto: PD-USGov-Military-Army)

Lëtzebuerg hat bis zum Ënnerzeechne vun der Kapitulatioun schonn zwou Befreiunge matgemaach: Eemol am September 1944, wéi d'Amerikaner eng éischte Kéier grouss Partië vu Lëtzebuerg befreie konnten, an eng zweete Kéier am Januar 1945, dem Schluss vun der Ardennenoffensiv.

Den Ufank vun der Rekonstruktioun

Wat villen Zäitzeien, och wa si um Enn vum Krich nach Kanner waren, ganz present an Erënnerung bliwwen ass, war den desolaten Zoustand vun hirem Doheem an déi uschléissend Rekonstruktiounsaarbechten.

Dee spéidere Premierminister an EU-Kommissiounspresident Jacques Santer (1935), dee mat 8 Joer de Schluss vum Krich zu Lëtzebuerg matgemaach huet, war am Ufank vun der Ardennenoffensiv op Jonglënster evakuéiert ginn an erënnert sech um Mikro vum Marc Linster un d'Zäit am Krich an d'Zoustänn vu sengem Heemechtsduerf Waasserbëlleg:

An der Emissioun Zäitzeie vun 2001:

De Jacques Santer (00:02:28)play_arrow

D’Grande Rue zu Waasserbëlleg a Richtung Muselbréck am Joer 1945.  | © MNHM/ Alfred Steffes
D’Grande Rue zu Waasserbëlleg a Richtung Muselbréck am Joer 1945. (Foto: MNHM/ Alfred Steffes)

“Mee wou een awer gesinn huet, wéi déi Leit gelidden hunn, bis datt d’Rekonstruktioun (ugefaangen huet). (...) wat Waasserbëlleg ubelaangt, ee groussen Deel do louch am Koup. Haut kann ee sech dat net méi esou virstellen. Mee et wousst ee jo och net, wéi déi Rekonstruktioun do viru géif goen. Déi Leit ware jo awer geschiedegt. Déi hunn all a Grouwe gelieft. Dat huet een alles impressionéiert.”

Mee net nëmmen de Retour an hiert Doheem, mee och d'Reunifikatioun mat hire Léifste ware Momenter, déi jonk Zäitzeie markéiert hunn. Esou och de Sculpteur a Konschtprofesser Marc-Henri Reckinger (1940-2023), deem seng Elteren 1942 a Schlesien ëmgesidelt goufen, wärend hie bei senger Tatta zu Lëtzebuerg bliwwen ass.

An der Emissioun Visitekaart vun 1994:

De Marc-Henri Reckinger (00:01:31)play_arrow

Direkt nom Enn vun der Ardennenoffensiv waren et virun allem d'Bierger:inne vun de sinistréierten Dierfer a Stied, déi déi éischt Opraumaarbechten a Reparaturen un hirem Doheem bewältegt hunn. Mee herno gouf dës Aufgab ëmmer méi vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl.

Dozou hunn d'Bestandsopname vum Schued, deen erlidde gouf, d'Koordinatioun vun den Opbauaarbechten duerch qualifizéiert Personal, wéi och de Rapatriement an déi finanziell Entschiedegung vun de Krichsgeschiedegte gezielt.

Den Alphonse Osch (1909-2009), Resistenzler, Uniounsmember, spéidere Matgrënner vun der demokratescher Partei a Minister des Dommages de Guerre vun 1947 un, erkläert. An der Emissioun Fraktiounen 1995:

Den Alphonse Osch (00:01:01)play_arrow

De politeschen Neiufank

Eng weider grouss Thematik an der Nokrichszäit war déi zukünfteg Féierung vum Land. D’ Resistenzlerorganisatioune fusionéieren zur sougenannter “Unioun”, stoungen der Regierung kritesch géigeniwwer an hu mat moraleschen Argumenter hiren eegene Féierungsusproch legitiméiert.

Sou ware si et, déi no der éischter Befreiung am Accord mat der Militärverwaltung vun den Alliéierten zivil a polizeilech Aufgaben iwwerholl haten. Dës Féierung huet sech ënner anerem an engem besonnesch arbiträren, radikalen Ëmgang mat richtegen, mee och presuméierte lëtzebuergesche Kollaborateure gewisen.

De Staatsminister Pierre Dupong hat doropshin nom Retour vun der Exilregierung, als Zeeche vun der Reconciliatioun mat der “Unioun”, säi Cabinet vergréissert an am Februar 1945 gouf déi sougenannten “Assemblée consultative” gegrënnt, déi quasi als “Ersatzchamber” ugesi ka ginn.

Ee Réckbléck op déi politesch Situatioun virun a wärend dem Krich, wéi och een Abléck an d’Zäit dono, bidden d’Sophie Morang an den Alphonse Osch, dee selwer och Deel vun dësem Gremium war.

Den Alphonse Osch (00:04:48)play_arrow

D’Regierung Dupong-Schaus, déi no der Demissioun vun der Regierung vun der Nationaler Unioun den 1. Mäerz 1947 d’Regierungsgeschäfter iwwerholl huet. Ganz riets uewen am Bild den Alphonse Osch, deen zum Ministre des Dommages de Guerre mat Fokus op de Rapatriement ernannt gouf. | © Guy Thewes/SIP, Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, Mamer 2003, S. 128.
D’Regierung Dupong-Schaus, déi no der Demissioun vun der Regierung vun der Nationaler Unioun den 1. Mäerz 1947 d’Regierungsgeschäfter iwwerholl huet. Ganz riets uewen am Bild den Alphonse Osch, deen zum Ministre des Dommages de Guerre mat Fokus op de Rapatriement ernannt gouf. (Foto: Guy Thewes/SIP, Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, Mamer 2003, S. 128.)

Fir den Alphonse Osch a vill aner Lëtzebuerger:inne waren de Retour vun der Grande-Duchesse Charlotte am Abrëll 1945, wéi och déi endgülteg Victoire vun den Alliéierten iwwer Nazi-Däitschland am Mee weider prägend Momenter.

"D’Grande-Duchesse huet fir ons d’Fräiheet duergestallt. Si ass déi éischt fir ons, déi éischt Resitenzlerin, déi d’Land an d’Fräiheet gefouert huet."

Zwar koum herno Kritik aus der Bevëlkerung un der Flucht vun der Regierung, ënner anerem gouf de Ministere virgehäit, ëffentlech Sue verbëtzt ze hunn, mee den Alphonse Osch gesäit dat méi nuancéiert.

Den Alphonse Osch (00:03:28)play_arrow

D'Grand-Duchesse Charlotte zeréck zu Lëtzebuerg. | © Photo Collection Cour grand-ducale / tous droits réservés
D'Grand-Duchesse Charlotte zeréck zu Lëtzebuerg. (Foto: Photo Collection Cour grand-ducale / tous droits réservés )

No de Walen am November 1945, wéi d'Regierung vun der nationaler Unioun konstituéiert gouf, war déi éischte Kéier zënter der Invasioun nees eng demokratesch gewielte Féierung un der Muecht.

Mee et sollt awer nach eng laang Zäit daueren, bis d'Rekonstruktioun vun de sinistréierte Gebidder am Norden an Oste vum Land ofgeschloss an d'Wonne vun der Lëtzebuerger Gesellschaft verheelt waren.

Eng Rees duerch de Radioarchiv vum 100,7! All Mount presentéiere mir Dossieren zu Momenter, déi Lëtzebuerg gesellschaftlech, kulturell a politesch gepräägt hunn. Alles mat der Hëllef vu kuratéierten Opnamen aus den Archive vum radio 100,7.