Radioen

On air

Mixtape  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi den 8. Mee 1945 zu Lëtzebuerg gefeiert gouf

Enn vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg

Wéi den 8. Mee 1945 zu Lëtzebuerg gefeiert gouf

De 7. Mee 1945 huet Däitschland am Zweete Weltkrich d’Kapitulatioun ënnerschriwwen. Haut virun 80 Joer ass déi dunn a Kraaft getrueden. Och zu Lëtzebuerg huet dat fir Freed gesuergt. Een Evenement, wat elo, 80 Joer méi spéit, nach emol nei opgeschafft gëtt.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© picture alliance  Usis-DiteLeemage play_arrow
(Foto: picture alliance Usis-DiteLeemage)

Obwuel Lëtzebuerg schonn am September 1944 vun den Amerikaner liberéiert gi war, an dunn am Januar 1945 nach d’Ardennenoffensiv iwwerstanen hat, huet een den 8. Mee awer nach deelweis gefeiert. Den Historiker a Curateur vum Militärmusée zu Dikrech, de Benoît Niederkorn, mécht aktuell Recherchen dozou, wéi den 8. Mee 1945 zu Lëtzebuerg gefeiert gouf.

Och wann den 8. Mee als offiziellt Enn vum Zweete Weltkrich gëllt, gouf et um Virowend schonn een Opootmen zu Lëtzebuerg. Dat nodeems d’Noriicht vun der däitscher Kapitulatioun hei am Land ukomm ass, wéi de Benoît Niederkorn erkläert.

“An der Owesausgab vum Lëtzebuerger Wort vum 7. Mee gëtt dat schonn zitéiert. An et geet dann am Fong och schonn esou wäit, datt natierlech quasi jidderee vu Freed an d'Luucht spréngt. D'Leit ëmaarme sech. Mee et geet dann och esou wäit, datt ee Fakelzuch organiséiert gëtt nach owes, duerch déi nei gegrënnte Lëtzebuerger Arméi, wat jo dann och schonn een neie Stellewäert ass, vue datt Lëtzebuerg jo dee Moment jo u sech schonn d'Neutralitéit opginn huet, eng Arméi opsetzt, fir herno jo och spéider Däitschland mat occupéieren ze goen."

Och d’Grand-Duchesse huet um Virowend vun der Kapitulatioun schonn an engem Communiqué matdeele gelooss, datt si sech géif un d’Bierger:inne vu Lëtzebuerg wennen, an datt den 8. Mee 1945 e fräien Dag géif ginn.

Eng symbolesch Parad

Eréischt een Dag méi spéit, also den 9. Mee 1945, gouf et dunn eng offiziell Parad. Vun der Gare aus erop ass déi gemaach ginn, erzielt de Benoît Niederkorn.

“Nieft dann de Lëtzebuerger, der neier Arméi vun der Garde grand-ducale, ass natierlech virop och d'Militärmusik mat gezunn an hannendru sinn deelweis dann Unitéite vun der amerikanescher Arméi, déi hei an der Missioun jo nach waren, matgaangen. Dann has de do hannendrun natierlech och schonn déi éischt Gruppe vun der Resistenz: Ons Jongen, Zwangsrekrutéierter, déi deelweis eben da vläicht schonn zeréck waren. Déi si matgaangen.” 

Wierklech grouss gefeiert gouf awer nom offizielle Krichsenn uechtert d’Land net. Anescht wéi am September 1944, nodeems d’Amerikaner Lëtzebuerg vun de Nazie befreit haten. An trotzdeem hat den 8. Mee symbolesch eng wichteg Funktioun, betount den Historiker.

“Den 8. Mee war wierklech symbolesch, fir ze wëssen: Et ass elo eriwwer. A besonnesch fir de Lien ze maachen, datt s de weess: Wann ech een hu vu menger Famill, deen iergendwou nach an engem Krichsgefaangenelager, bezéiungsweis un der Front läit, war d'Hoffnung do, fir esou schnell wéi méiglech kënne mat deen erëm Kontakt opzehuelen."

D'Verbindung wier fir déi meescht Leit zënter September komplett ofgebrach gewiescht, erzielt den Direkter vum Dikrecher Militärmusée. Keng Postkaarte méi als Liewenszeechen.

"An alles dat war elo erëm ginn. Am Mee konn s de endlech wëssen, datt s de esou lues a lues vu jidderengem solls eng Informatioun kréien an der Hoffnung, datt hien nach lieft.”

Zerstéiert Dierfer

Nom offizielle Krichsenn war dat Schlëmmst zwar endgülteg iwwerstanen, mee d’Nowéie vum Krich waren nach ze spieren, erkläert de Benoît Niederkorn. Virun allem de Norde vum Land war vun der Ardennenoffensiv esou hefteg verwüüst ginn, datt een dat alles no an no nees nei opbaue misst. Wooltz beispillsweis huet direkt nom Krich enger Geeschterstad geglach.

18.000 vu 50.000 Haiser waren zu Lëtzebuerg am Laf vum Krich deelweis oder ganz zerstéiert ginn. An och mental wier et keng einfach Zäit gewiescht. All Dag huet ee gehofft, an der Zeitung een Numm vun engem Bekannten ze liesen, deen endlech géif aus engem KZ oder der Krichsgefaangenschaft zeréck heem kommen.

Lauschterenplay_arrow