Den Ëmsaz ass 2024 quasi d‘selwecht bliwwen: Bei 978Milliounen Euro. Dat ass weiderhin haaptsächlech den Telecom- an ICT-Aktivitéiten ze verdanken.
Et goufen 131 Milliounen Euro investéiert. Dat wier den niddregsten Niveau vun Investissementer iwwer déi lescht 5 Joer gekuckt, seet de Claude Strasser, Generaldirekter vun der Post. Et misst een awer dobäi bedenken, datt de Bau vum neie Post-Gebai op der Gare fir vill Käschte gesuergt huet.
Zejoert ware 4.518 Persoune bei der Post agestallt. Eng Zuel, déi iwwer déi lescht 5 Joer relativ stabil bliwwen ass.
Net optimistesch fir d’Zukunft
D’Bréifpost ass wéi schonn zënter 2012 weiderhi réckleefeg. De Volume vun de Päck geet awer konstant an d’Luucht. De Service Pack Up Home huet sech am Verglach zu 2023 bal verdräifacht.
Generell wier ee mam Resultat vun 2024 zefridden. Fir 2025 wier een awer manner optimistesch, erkläert de Generaldirekter Claude Strasser.
“Erkläert duerch déi Zënnssituatioun, déi sech erëm verschlechtert fir eis an eng gesamt ekonomesch Situatioun, déi net extra gutt ass.”
Déi international Konflikter an d’Bourse géifen do eng Roll spillen, esou nach de Claude Strasser.