Beim Detournement vun 61 Milliounen Euro, deen am Juli d’lescht Joer bekannt gi war, waren 125 Iwwerweisunge vu Caritas-Konte bei der Spuerkeess an der BGL BNP Paribas op spuenesch Konte gemaach ginn, ouni datt d’Banken dat gestoppt haten.
Marc Baum: "Ee systeemesche Problem"
Der interner Analys vun der Spuerkeess no wier kee Feeler bei der Bank geschitt, hätt d’Generaldirectrice Françoise Thoma an der Spezialkommissioun gesot, esou de lénken Deputéierte Marc Baum.
“Da muss een awer soen, dann hu mir ee systeemesche Problem, well et war net keen. Et si Feeler geschitt.”
Wann d’Spuerkeess der Meenung wier, datt alles de Prozeduren no ofgelaf wier, da misst ee sech och froen, ob d’Prozeduren net misste verbessert ginn, seet de Marc Baum.
D’Spuerkeess géif ee juristescht Nospill fäerten, esou den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.
“... an een elo net ëffentlech ka soen, mir hunn eppes falsch gemaach, well dat géif jo insinuéieren, datt een och bezuele muss.”
Et gouf bei Caritas-Finanzdirectrice intervenéiert
D’Banken hätten an dësem Fall duerchaus eng Responsabilitéit, huet d’LSAP-Fraktiounscheffin ënnerstrach. D’Taina Bofferding huet no der Sitzung awer och confirméiert, datt d’Spuerkeess verdächteg Transferten hannerfrot hätt. D’Bank hätt deemools bei der Caritas-Finanzdirektesch intervenéiert.
“Da soe si, et ass de Client, deen ugëtt, wien Uspriechpartner ass. Bon, mir wëssen, wéi d’Geschicht ausgaangen ass. Do stellt sech och d’Fro fir an Zukunft, wann een natierlech déi Persoun kontaktéiert, déi hanner deem ganze stécht, ob een do net een anere System nach misst bréngen.”
D’Spuerkeess berifft sech op d’Bankgeheimnis
Bei der Entrevue mat de Spuerkeess-Vertrieder wier een "net terribel vill Neies gewuer ginn", esou de President vun der Spezialkommissioun Charles Weiler vun der CSV.
“Well si sech och oft op d’Bankgeheimnis beruff hunn, wat ech verstinn. Well et si Prozeduren nach am gaangen, notamment bei der CSSF, der Europäescher Zentralbank, an natierlech och bei eiser Justiz, déi enquêtéiert.”
D’Vertrieder vun der zweeter implizéierter Lëtzebuerger Bank BGL BNP Paribas wäerten den Deputéierten aus der Spezialkommissioun Caritas dëse Mëttwoch Ried an Äntwert stoen.
Fir den 19. Mee ass dann ee weideren Austausch vun den Deputéierten aus der Spezialkommissioun mam Premier Luc Frieden, mam Kooperatiounsminister Xavier Bettel a mat der Justizministerin Elisabeth Margue geplangt.
D’Chamber-Spezialkommissioun wéinst der Caritas-Affär plangt nach ëmmer hir Aarbechten den nächste Mount ofschléissen.